Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Mangen: De Kultursecteur ass keen Hotspot fir Infektiounen

Nei Covid-Mesuren Kultursecteur

Claude Mangen: De Kultursecteur ass keen Hotspot fir Infektiounen

De President vun der Theaterfederatioun bedauert, datt ee groussen Deel vum Kultursecteur och am Viséier vun den neie Covid-Restriktioune ass. An den Theateren, Kinoen a Concertssäll géife strikt sanitär Konzepter gëllen a wiere sécher keen Hotspot fir Infektiounen, esou de Claude Mangen am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Hir wieren och keng Clusteren am Kulturberäich bekannt, seet d'Kulturminsterin. D'Intentioun vun de potentiellen neie Restriktiounen wier fir Aktivitéiten ze ënnerbannen, wou vill Leit laang an engem zouene Raum zesumme sinn. D'Iddi wier och, datt d'Leit owes méiglechst sollen doheem bleiwen, fir esou d'Kontakter generell ze reduzéieren. Muséeën, Galerien, Bibliothéiken an Archive géifen awer opbleiwen.

De President vun de Theaterfederatioun bedauert, datt ee groussen Deel vum Kultursecteur och am Viséier vun den neie Restriktioune ass. An den Theateren, Kinoen a Concertssäll géife strikt sanitär Konzepter gëllen, an dës wiere sécher keen Hotspot fir Infektiounen, esou de Claude Mangen.

D'Commission consultative des droits de l'homme hätt rezent an engem Avis gefrot, op wat d'Regierung sech fir en neie Lockdown an der Kultur géif baséiert. Et géifen dem Claude Mangen no keng Statistiken a keng Beweiser, datt sech do méi ugestach gëtt wéi an anere Beräicher.

"Au Contraire sinn ech der Meenung, datt dat vill méi sécher an iwwersiichtlech ass. Also 100 Zuschauer, déi hu mir am Grëff, mir wësse si och ze retracéieren. Also dat ass schonn eppes, wat schwéier ze verdauen ass."

Sam Tanson: "Kultur ass der Regierung wichteg"

D'Intentioun vun de potentiellen neie Restriktioune wier fir Aktivitéiten ze ënnerbannen, wou vill Leit laang an engem zouene Raum zesumme sinn. D'Iddi wier och, datt d'Leit owes méiglechst sollen doheem bleiwen, fir esou d'Kontakter generell nach emol ze reduzéieren. Datt d'Kultur der Regierung net wichteg genuch wier, wëllt d'Sam Tanson esou awer net stoe loossen.

"Nee, d'Kultur ass wierklech immens wichteg. Dofir hu mir eppes gemaach, wat an anere Länner net gemaach gëtt: Do wou zirkuléiert gëtt, wéi d'Muséeën, déi si weiderhin op. Dat heescht, mir hu gekuckt a wéi enger Situatioun ee sech befënnt, a wéini d'Saachen oflafen, fir do ee Parallelismus ze hunn. Natierlech kann een driwwer diskutéieren a sech froen, huet dat elo esou ee risegen Impakt oder net?"