Nach ugangs Abrëll ware Vertrieder vu sechs Parteien, dorënner d'CSV an d'Piraten, a Brasilien gereest fir hiren Aussoen no méi staark mat der Lëtzebuerger Gemeinschaft a Brasilien a Kontakt ze trieden. De Claude Wiseler ass ee vun hinnen. Den CSV-Deputéierte gesäit de Fait, datt nëmmen 188 nei Lëtzebuerger aus Brasilien d'Bréifwal ugefrot hunn, net onbedéngt als Echec.
"Op där anerer Säit soen ech mir awer, och wann dat der villäicht e puer Honnert méi gewiescht wieren, da wär et a mengen Aen och net massiv gewiescht.
Hien mengt, den Interessi u Lëtzebuerg wier granz grouss, deen zur Politik awer aus erkläre Grënn net. D'Leit hätten aner Suergen a kennen eise System net, fënnt de Claude Wiseler
Onkloer Formulatioun am Walgesetz?
Och de Sven Clement, Spëtzekandidat vun der Piratepartei, hat gemengt, d'Lëtzebuerger aus Brasilien kéinte bei de Chamberwale vum 8. Oktober eng Roll spillen. Datt mol keng 200 vun hinnen d'Bréifwal ugefrot hunn, féiert hien elo op d'Formulatioun vum Walgesetz zréck. Déi géif soen, datt een e gültege Pass oder eng Carte d'identité brauch. Néierens géif awer stoen, datt dat e Lëtzebuerger Pass oder Carte d'identité misst sinn, ënnersträicht de Sven Clement.
"An dat ass eben eng Interpretatioun, déi de Staatsministère mécht, déi net am Gesetz steet, a wou sech d'Fro vun der Konstitutionalitéit stellt."
Zanter 2016 ass et fir d'Lëtzebuerger a Brasilien méiglech, d'Bréifwal unzefroen, wa si ee Lëtzebuerger Pass oder eng Carte d'identité hunn. De Sven Clement ass der Meenung, et misst och méiglech sinn, wa se kee Lëtzebuerger Ausweis an nëmmen ee Certificat de nationalité virweise kënnen.