20. Januar 2025 – De Média de service public 100,7 lancéiert säin éischten oppenen Appell fir Lauschtergeschichten, déi vun onofhängege Produzente realiséiert ginn. Gesicht gi Geschichten op Lëtzebuergesch fir Kanner vun dräi bis sechs Joer.
Den Appell ass fir fäerdeg produzéiert Lauschterspiller. Et ass deemno de Produzenten hir Roll, Auteuren, Schauspiller:innen, Tountechniker:innen, etc. zesummenzebréngen.
Ënner de Projeten, déi bis den 3. Mäerz 2025 eragereecht ginn, wäerten zwee Stéck ënnerstëtzt ginn, fir eng Pilot-Episod ze produzéieren. De Gewënner kritt dann den Optrag, eng ganz Staffel vu Lauschterspiller ze produzéieren.
D’Geschichte wäerten an der Kannerkëscht, der Online-Mediathéik vum radio 100,7 fir Kanner (kannerkescht.lu), publizéiert ginn.
De kompletten Appell kann ënnert dësem Link erofgeluede ginn: