Panorama
11 min
1. Amerikanesch Firma Dupont reagéiert op Virwërf vun de Gewerkschafte LCGB an OGBL, datt zanter Oktober zejoert Salaire op hirem Site zu Lëtzebuerg net ganz bezuelt ginn.
2. D’Réckgrat vum Sport mat all senge Facette stäerken an dobäi inklusiv virgoen, esou huet de Sportminister Georges Mischo de Moien déi grouss Linne vu senger Politik ëmrass.
3. De Xavier Bettel well keng weider Kooperatiounsprogrammer mam Niger, Mali an Burkina Faso méi agoen.
4. Déi Europäesch Kommissioun huet de Mëtteg en neit Klimazil fir 2040 proposéiert. Dat entspriechend Gesetz misst an der nächster Legislaturperiod virgeluecht ginn.
5. An den USA huet ee Geriicht an zweeter Instanz dem fréieren US-President Donald Trump seng politesch Immunitéit net vum Appellsgeriicht unerkannt.
Presentéiert vum
- Marlène Clement