Radioen

On air

Notturno  |  Schlofardi - Squirky

play_arrow Live
arrow_back_ios

Aktuelles

100komma7.lu / Aktuelles

/ Hëllef- a Fleegedéngschter hu sech de Wiederkonditioune missen upassen

Hëllef- a Fleegedéngschter hu sech de Wiederkonditioune missen upassen

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Op Grond vun de Wiederkonditioune koum et bei den Hëllef- a Fleegedéngschter am Land haut zu manner Asätz wéi soss op engem Dag. Fir Leit, déi awer méi op Soinen ugewise si wéi anerer, gëllt allerdéngs z. B. bei Hëllef doheem a bei Help eng Hierarchie vun de Passagen, dem jeeweilege Grad vun der Ofhängegkeet no.
Den Eric Ewald huet de Moie bei deenen zwee Hëllef- a Fleegeservicer nogefrot, wéi si sech op déi méi speziell Konditiounen agestallt hunn.

Episoden

Blockéiert a Bosnien: Noutsituatioun op der Balkanroute

A Bosnie sinn den Ament eng 1.500 Flüchtlingen dem Wanter ausgeliwwert, well si keen Daach méi iwwer dem Kapp hunn. Hire Flüchtlingscamp war d'lescht Woch a Brand gesat ginn.

Wat maache géint en décke Kapp?

Kult op Sylvester: "Diner for One"

Resumé vum Joer an den USA

Dem US-President Donald Trump säi lescht Joer un der Muecht war nach méi chaotesch wéi déi dräi Joer virdrun.

Op der Sich no de Medezinstudenten

Ronn een Drëttel vun de Medezinstudente kommen no hirem Studium net zeréck op Lëtzebuerg schaffen, seet eng Etüd vun der ALEM. Wisou? Wat ka gemaach gi fir si unzezéien?

D'Joer, an deem de Fonctionnement vum Haff reforméiert gouf

Et ass eng Reform, déi net am Koalitiounsprogramm virgesi war, mee déi dëst Joer schonn ëmgesat gouf: D'Moderniséierung vun der Monarchie.

Doud vum Pierre Cardin

2020 an Éisträich

2020 war dat éischt Amtsjoer vun enger neier Koalitioun an Eisträich.

Éischt Impfunge géint Covid zu Lëtzebuerg

Gëschter Mëtteg Punkt 12 Auer goufen an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg déi éischt Leit géint de Coronavirus geimpft.

Brexit am Joer 2020: It ain't over yet

2020 ass Groussbritannien aus der EU ausgetrueden. Den Handelsaccord gouf a leschter Minutt nach ausgehandelt. Et ass awer domat nach net gedon.

Joresréckbléck: Däitschland

Thüringen-Desaster, Wirecard-Krimi, Drosten-Hype. 2020 war fir Däitschland e Joer voller schlechter Noriichten a just e puer Héichpunkten.

Schued duerch Wëld

D'Juegd spillt hir Roll, fir Schued ze limitéieren. Ëmsou méi rose sinn d'Jeeër elo, datt Klappjuegte corona-bedéngt verbuede sinn.

Casse-tête fir Studenten

Famill a Feierdeeg sinn dëst Joer besonnesch schwéier ënner een Hutt ze kréien.

Laang Koalitiounsverhandlungen a vill Corona-Doudeger

An der Belsch goufen et am Joer 2020 zwee dominant Themen: De schwierege Kampf géint de Coronavirus an déi laang Sich no enger Regierung.

D'Steiergerechtegkeet an déi helleg Kéi

2020 sollt eigentlech d'Joer vun der grousser Steierreform ginn. Eenzel wichteg Upassunge gouf et awer - an et ass iwwer Steiergerechtegkeet diskutéiert ginn.

Alles ronderëm d'Covid-Impfung

An deenen nächsten Deeg soll et lass goe mat den Impfunge géint de neie Coronavirus. Vill Leit hu Bedenke well d'Impfstoffer esou séier entwéckelt goufen.

Visitt am Impfzenter

Bannent zwou Woche gouf um Lampertsbierg den Impfzenter fir d'Covid-19-Vaccinen opgebaut. Nächste Mount soll déi grouss Impfcampagne starten. Wat erwaart de Patient?

Op der Covid-Intensivstatioun

Duerch déi verschäerfte Restriktioune sollen d'Spideeler entlaascht ginn. Zu Esch am CHEM ginn d'Reanimatiounsbetter weider haaptsächlech vu Covid-Patiente beluecht.

Centrales de géothermie profonde: l'échec alsacien

Début décembre, avant même son exploitation, l'activité d'une des centrales a provoqué un séisme de magnitude 3'5 sur l'échelle de Richter.

Réckbléck: Schoul an der Stuff

Den 15. Mäerz sinn d'Schoulgebaier wéinst der Pandemie fir ronn zwee Méint ganz zougemaach ginn. Ee Réckbléck an de Klassesall doheem.