Radioen

On air

Tockcity  |  The Horrors - Trial By Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

1. Bei der Entreprise Ampacet zu Diddeleng schwätzen den OGBL an d’Direktioun erëm mateneen, dat sot de Stefan Osorio-König vum OGBL haut um 22. Streikdag.

2. D‘Demandë fir Subside fir elektresch Gefierer kënne vun haut un online iwwer myguichet.lu gemaach ginn. Domat soll d’Prozedur fir privat a professionnel Ufroen vereinfacht an d’Beaarbeschtung automatiséiert ginn, esou d‘Ëmweltverwaltung.

3. Autoen, Busser an aner Gefierer an der EU sollen an Zukunft manner ëmwelt- a gesondheetsschiedlech Emissioune verursaachen. D’EU-Memberlänner hu sech zu Bréissel op déi nei Schuedstoffnorm "Euro 7" gëeenegt.

4. De Verpakungsmüll an der EU soll bis 2040 em mindestens 15 Prozent reduzéiert ginn. Dorop hu sech d‘Ëmweltministerinnen a Minister vun den EU-Memberlänner zu Bréissel gëeenegt.

5. Iwwer 19.400 Mënsche wieren zanter dem Krich an der Gazasträif bei israeleschen Attacken ëm d‘Liewe komm. Déi Zuel deelt de palästinensesche Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt haut mat.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Panorama

Regierung: 5.000 Euros Primm fir Elektroauto! / Brasilien: 300 Leit no Bullislawine vermësst / USA: Shutdown eriwwer! Virleefegen Accord!

Panorama

Regierung: 5.000 Euro Primm fir Elektroauto! / Brasilien: 300 Leit no Bullislawine vermësst / USA: Shutdown eriwwer! Virleefegen Accord!

Panorama

Nei Primm fir Elektroautoen / Nei Mesuren géint e Brexit ouni Accord / OGBL geet géint de portugisesche Staat fir

Panorama

Nei Primm fir Elektroautoen / Nei Mesuren géint e Brexit ouni Accord / OGBL geet géint de portugisesche Staat fir

Panorama

P.Gramegna iwwert Individualbesteierung / OGBL geet juristesch géint Portugisesche Staat vir / Finall Australian Open : Đoković vs Nadal

Panorama

Fedil fuerdert Reform vun Aarbechtsrecht / Venezuela: Arméi steet hanner vereedegte President Maduro / US-Senat: Wéinst Budget féieren Demokraten a Republikaner Gespréicher

Panorama

Fedil fuerdert Reform vun Aarbechtsrecht / Venezuela: Arméi steet hanner vereedegte President Maduro / US-Senat: Wéinst Budget féieren Demokraten a Republikaner Gespréicher

Panorama

Fonds du Logement: Bedruch manner grouss wéi geduecht / CSV: Kritik un Post-Investissioun bei JOIN / Venezuela: Erklärungen zur Staatskris

Panorama

Fonds du Logement: Bedruch manner grouss wéi geduecht / CSV: Kritik un Post-Investissioun bei JOIN / Venezuela: Erklärungen zur Staatskris

Panorama

Wat ass mat de Suen déi d'Post bei Join investéiert huet? / Muechtkampf am Venezuela geet weider/ Nadal ass an der Final vun Australian Open

Panorama

Venezuela: d'Situatioun spëtzt sech zou / T. Metz a M. Sehovic: Spëtzekandidat fir d'Europawahle / Mudam-Direktioun: Wëlle fir d'Problemer ze léisen

Panorama

Venezuela: d'Situatioun spëtzt sech zou / T. Metz a M. Sehovic: Spëtzekandidat fir d'Europawahle / Mudam-Direktioun: Wëlle fir d'Problemer ze léisen

Panorama

MUDAM-Direktioun reagéiert op Kritik vu Personal/ Kersch iwwer Eurostat-Etüd Aarmut bei Jonken/ Mësstrauensvott géint Schäfferot zu Viichten

Panorama

MUDAM-Direktioun reagéiert op Kritik vu Personal/ Kersch iwwer Eurostat-Etüd Aarmut bei Jonken/ Mësstrauensvott géint Schäfferot zu Viichten

Panorama

Krisereunioun am Mudam / Méi Rechtssécherheet fir Police bei Kierperfouillen / Eurostat: héijen Aarmutsrisiko bei Jonken zu Lëtzebuerg

Panorama

LSAP: Franz Fayot neie President, Tom Jungen Generalsekretär / Ettelbréck: Keen Drogekonsumraum elo geplangt / Frankräich: Méigleche Gesondheetsrisiko bei Wëndelen

Panorama

LSAP: Franz Fayot neie President, Tom Jungen Generalsekretär / Ettelbréck: Keen Drogekonsumraum elo geplangt / Frankräich: Méigleche Gesondheetsrisiko bei Wëndelen

Panorama

Schaarf Kritik UEL op Steier-Etüd/ Diane Dupont: Fonds du Logement gouf ragluecht/ USA: Geriicht erlaabt Transgender Stopp an Arméi

Panorama

Schaarf Kritik UEL op Steier-Etüd/ Diane Dupont: Fonds du Logement gouf ragluecht/ USA: Geriicht erlaabt Transgender Stopp an Arméi

Panorama

Dräi Inculpatiounen an der Affär Lunghi / Brexit: wéi reagéiert d'EU op Plang B?/ Neien däitsch-franséische Frëndschaftsaccord ënnerschriwwen