“All you can eat”: fir verschiddener ass dat eventuell de Motto vu Feierdeeg an dëse Breedegraden, mee dobäi handelt et sech och ëm eng Expo am Lëtzebuerg City Museum, déi aus enger historescher Perspektiv d’Ernärung vum Mënsch thematiséiert. Op déi kënschtleresch Perspektiv kënnt Dir Iech bis den 21. Januar am Ratskeller vum Cercle Cité aloossen. D’Kerstin Thalau ass vun der Anastasia Chaguidouline, déi artistesch Directrice vum Cercle Cité, méi zu der Expo “Hors d’oeuvre”gewuer ginn.
arrow_back_ios
Kultur
Hors d’oeuvre: déi aktuell Expo am Cercle Cité
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden
D'Wuert vun der Woch ass eng Aventure
"Abenteuer oder Aventure?": dat ass zu Lëtzebuerg d'Fro! Oder eng vun de linguistesche Froen, deenen de Jean Portante nogeet.

The Alchemist - Den Arthur Unger am MNAHA
Ee Gespréich mam Arthur Unger. Seng Wierker sinn an der Ausstellung "The Alchemist" am Nationalmusée um Fëschmaart ausgestallt.
