Kannerkëscht
Am Dschungel
5 min

D’Kanner vum Panda Club aus dem Naturmusée waren nees aktiv a si hunn sech zesummen gesat an dir nees ganz flott Geschichten ausgeschafft a geschriwwen. An déi Geschichten déi se all zesummen mam Dominique vum Panda Club op Blat bruecht hunn, goufen viru kuerzem am Studio vum radio 100,7 opgeholl. A vun elo un kanns de s e dann och an denger Kannerkëscht lauschteren. Bei der Geschicht vun haut huelen eis d’Mathilde, de Pascal an d’Dominique mat an den Dschungel, wou eng Schlaang, en Tiger an e Papagei sech begéinen.
An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht
Episoden

Wéi aus engem Som eng Planz gëtt?
D'Michelle Weber vu Science.lu an de Jean Claude Majerus proposéieren iech haut en Experiment dat ganz no mat der Natur verbonnen ass.

Déi grouss Schoulfoire an der Luxexpo
E Blatschneiderseejomessen-Nascht
Ganz äerdeg Seejomesse weisen am natur musée, wat si alles drop hunn.

Wat kann een an der Ouschtervakanz maachen?
De Claude Karger vum Script huet e puer Iddien fir Aktivitéiten wärend der Ouschtervakanz, am beschten zesummen mat der ganzer Famill.
Firwat fierwen d'Vigel hir Eeër?
Fir Ouschteren fierwe mer jo gären Eeër, an dat maachen vill Vigel och, awer nestëmtm net wéinst Ouschteren. D'Monique Kirsch sicht no enger Äntwert op dës Fro. An am Naturmusée gëtt et e ga

Wéi vill Reewierm liewen am Buedem?

Maach keen Drama!
Esou heescht e Projet vum Script, bei deem den Theater am Mëttelpunkt steet, an den Yann Ketter erzielt, ëm wat et do geet, a wat een alles ka mam Theater maachen.

Eng Faarf, déi eng wichteg Roll an der Natur spillt
De Patrick Michaely aus dem natur musée schwätzt iwwer eng Faarf, déi mir Mënschen iwwerhaapt net kënne gesinn.

E Bräi deen an engems fest a flësseg ass!
De Jean Claude Majerus an de Joseph Rodesch erklären iech an eisem Experiment am Kannereck wéi een esou e Bräi fabrizéiert.

D'Rou fannen um Trëppeltour
De Claude Karger vum Script huet dräi Wanderweeër derbäi déi op hir Manéieren ganz vill Rou a Meditatioun bidden.
Kannereck!
De Patrick Michaley aus dem Naturmusée erzielt iech haut méi iwwert d'Bloosnumm oder Pissblumm wéi se och nach heescht.

Mer bauen eis eng Lavaluucht!
D'Experiment vun haut héiert sech zimmlech waarm un, de Jean Claude Majerus an de Joseph Rodesch, de Mister Science erzielen eis wéi ee sech eng Lavaluucht ka bauen.

Esch 2022: Kultur fir déi Jonk!
Esch ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad an dat net nëmmen fir déi Erwuessen, mä dat gëtt et eng spezielle Carnet culturel mat kulturelle Manifestatiounen fir de jonke Publique.
D'Zäit vun de Friébléier kënnt elo.
D'Monique Kirsch aus dem Naturmusée ass haut op Besuch am Kannereck an ze verzielt eis haut iwwert d'Fréibléier

Wéi maachen ech Äis an enger Sekonn?
En Experiment, wéi een aus kalem Waasser praktesch an enger Sekonn kann Äis maachen.

Dobaussen ass et dach am schéinsten!
De Claude Karger vum Script proposéiert eis e puer Tippen, wat een alles Flottes dobausse ka maachen.

Firwat ass dee Krich an der Ukrain?
Zanter leschter Woch ass e Krich an der Ukrain. An dir, Kanner, stellt iech bestëmmt vill Froen doriwwer.

Wéi beweegt ee schwéier Saachen?
D'Michèle Weber vu Science.lu weist mat engem Experiment, wéi een zimmlech schwéier Laaschten ganz einfach ka vun A no B transportéieren.
