Den Hallwer Néng
/ De Seegler Jérôme Merker: Eemol queesch iwwert den Atlantik seegelen
De Seegler Jérôme Merker: Eemol queesch iwwert den Atlantik seegelen
23 min

Fir de Lëtzebuerger Seegler Jérôme Merker ass d’Seegele méi wéi just nëmmen en Hobby. Fir hien ass d’Seegelen eng Passioun.
Aktuell ass de Jérôme Merker op der kanarescher Insel La Palma, wou hie sech den 28. Oktober an eng grouss Aventure lancéiert, an zwar fiert hien eleng mat sengem Seegelboot iwwert den Atlantik, fir dann an 18 Deeg an der Guadeloupe unzekommen.
Een Exploit, dee ganz prezis muss geplangt ginn, well et déi bis ewell längsten Traversée ass, déi de Jérôme Merker entaméiert. An en plus huet säin Exploit och nach eng sozial Säit, well hie sech an den Déngscht vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner stellt.
De Jérôme Merker gouf eis fir den Hallwer Néng live vun de kanareschen Insel bäigeschalt an de Jean-Claude Majerus huet de Bols beim Lëtzebuerger Seegler gefillt, esou kuerz virum sengem groussen Depart.
Episoden

"Blëtz" ASBL
Den Hiereschlag ass eng Krankheet an ee Krankheetsbild, dat meeschtens onerwaart a ganz akut optrëtt. Mënschen, déi een Hiereschlag kruten, mussen dacks duerno méintelaang, wann net jorelaan

De Circuit Mansfeld
De Wanderwee vum Grof Mansfeld ass laang Zäit a Vergiessenheet geroden. D’Iwwerreschter vu sengem Schlass mam Numm “La Fontaine” sinn awer vu grousser Bedeitung - och international. Haut um

ADHS bei erwuessene Fraen
Hyperaktivitéit, Impulsivitéit a Verdreemtheet oder d’Versenken a gedanklechem Chaos: dat sinn dräi Krittären, bei deenen een eng ADHS-Diagnos stelle kann, jee nodeem wéi ausgepräägt dës Kri

Champignone sammelen - Op wat muss een oppassen?
D'Saison fir Champignonen ze sammelen ass jo nach net eriwwer, dat hunn de Jerry Thorn an de Mike Clemens vum Groupe de Recherche Mycologique de Mueren hei op der Antenn gesot. Fir gutt ze w

D’Juegd ass op
Zënter enger Woch gi Klappjuegten organiséiert. E Gespréich mam Vize-President vun der Jeeër-Federatioun FSHCL.
