Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

Martine Kemp

headphones

14 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Déi 29-Joer-jonk CSV-Politikerin iwwerhëllt haut d'Nofolleg vum Christophe Hansen als Lëtzebuerger Europadeputéiert. Si äntwert op Froe vum Maurice Molitor.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Andrew Ferrone

Wat muss geschéie wa mer déi global Äerderwiermung nach op 1,5 Grad wëlle limitéiert kréien? Mir froen de Lëtzebuerger Vertrieder am internationale Panel vun de Klimafuerscher.
headphones

13 min

play_arrow
Blanche Weber

Blanche Weber

De Mouvement Ecologique rifft déi nächst Regierung dozou op eise Wirtschaftssystem komplett ze iwwerdenken. Wéi stellt d'Ëmwelt-ONG sech dat fir? Mir froen d'Presidentin.
headphones

16 min

play_arrow
Jerry Grbic

Jerry Grbic

De CEO vun der ABBL iwwer Banken a Faillite (SVB) oder a Schwiergekeeten (Crédit Suisse), iwwer d'Zënsentwécklung an d'(On)Zefriddenheet vum Personal am Finanzsecteur.
headphones

15 min

play_arrow
Charel Schmit

Charel Schmit

Vill Luef a (punktuell) schaarf Kritik: den Avis vum Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher iwwer d'Reform vu Jugendschutz a Jugendstrofrecht ass do.
headphones

16 min

play_arrow
Thomas Galli

Thomas Galli

Mir schwätze mam Affekot, Buchauteur a fréiere Prisongsdirekter iwwer seng Kritik u Prisongsstrofen.
headphones

12 min

play_arrow
Tommy Klein

Tommy Klein

De jonke Soziolog huet viru Kuerzem d'Säite gewiesselt: hien ass net méi Direkter vum Meenungs- a Maartfuerschungsinstitut Ilres, mee politesche Beroder a Kandidat vun der Piratepartei.
headphones

14 min

play_arrow
Martine Hansen

Martine Hansen

D'Co-Fraktiounscheffin vun der CSV fuerdert, datt Eltere vum Staat méi ënnerstëtzt gi fir doheem bei hire Kanner ze bleiwen.
headphones

14 min

play_arrow

Paul Hammelmann

Wéi kënnen eis Stroosse méi sécher gemaach ginn? Doriwwer gëtt zanter engem déidlechen Accident am Neiduerf nees vill diskutéiert. Mir froen de President vun der Sécurité Routière.
headphones

14 min

play_arrow

Philippe Turk

D'Corona-Pandemie ass esou wäit iwwerstanen. Sinn d'Spideeler prett an Zukunft eng Populatioun ze versuergen, déi wiisst? Fro un de President vun der Spidolsfederatioun.
headphones

15 min

play_arrow

Marion Zovilé-Braquet

Firwat engagéieren net méi Fraen sech an der Politik? Dat froe mir haut um Weltfraendag d'CSV-Buergermeeschtesch vu Conter, déi zanter bal 20 Joer politesch aktiv ass.
headphones

16 min

play_arrow

Sven Clement

Als Oppositiounspartei souzen d'Pirate bei der Tripartite net mat um Dësch. Hätte si eppes anescht gemaach wéi d'Regierung?
headphones

14 min

play_arrow

Yuriko Backes

D'Stéiermesuren, déi Tripartite e Freideg decidéiert huet, solle ronn 500 Milliounen d'Joer kaschten. Kann de Staat sech dat a onsécheren Zäite wierklech leeschten? Mir froen d'Finanzministe
headphones

19 min

play_arrow

Claude Wiseler

E Gespréich mam Co-President vun der CSV iwwer d'Enjeue vun der Tripartite a seng Decisioun, net mat an d'Gemengewalen ze goen.
headphones

14 min

play_arrow

Roland Bastian

De Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg iwwer den Impakt vun den héijen Energiekäschten op d'Stolproduktioun an iwwer d'Erausfuerderung Klimaneutralitéit.
headphones

16 min

play_arrow

Josiane Weber

Et si Bréiwer vun der Groussherzogin Marie-Adelheid opgetaucht, déi d'Bild vun der politescher Monarchin confirméieren. Hir Biographin huet se ausgewäert.
headphones

17 min

play_arrow

Romain Schmit

Virun der Bipartite vun haut an der Tripartite vun e Freideg: Froen un de Generalsekretär vun der Handwierker-Federatioun
headphones

16 min

play_arrow

Semiray Ahmedova

Retour op d'Logements-Assisen an déi nei Virschléi, déi de Wunnengsbauminister do virgestallt huet. Mat der grénger Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun.
headphones

15 min

play_arrow
Daniel Porcedda

Daniel Porcedda

De Lëtzebuerger huet mat senger Famill zu Kiew gelieft, wéi de Krich virun engem Joer ugefaangen huet. Wat hu si zanterhier erlieft?
headphones

14 min

play_arrow
Francine Closener

Francine Closener

Jiddweree schwätzt vun de Walen, mee wéi eng Steiermesurë wëllt d'LSAP nach do virdrun duerchsetzen? Mir froen d'Parteipresidentin.
headphones

14 min

play_arrow
Gilles Hempel

Gilles Hempel

D'Acteure vum Logementsmarché sichen haut zesumme mam Minister no neie Léisungen. Wat ass sech dovun ze erwaarden? Fro un den Direkter vun der Agence Immobilière Sociale
headphones

15 min

play_arrow