
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Charlotte Wirth a Misch Pautsch
D’Investigativjournalistin an den ALJP-President erklären hir juristesch Demarche géint den Inneministère.

Gilles Braquet
de CEO vu Luxport iwwer d’Situatioun vum Mäerterter Hafen an d’Opportunitéite vun der Banneschëfffaart

Alexandra Schoos
Wéi reagéiert d’ADR op dee vill kritiséierte Facebook-Commentaire vun hirem Member Alain Hoffmann? Explikatioune vun der Parteipresidentin

Ute Heinz
Mat der Direktesch vun der Jugend-an Drogenhëllef schwätze mir iwwer de Substitutiounsprogramm fir Heroin-Ofhängeger an iwwer d'Schwieregkeete fir am Norde vum Land eng Plaz dofir ze fannen.

Gilbert Goergen
D’CMCM huet turbulent Méint hanner sech. De Maurice Molitor freet hire President, ob d’Situatioun sech berouegt huet.

Franz Fayot
Als Konsequenz aus der Caritas-Affär fuerdert den LSAP-Deputéierte méi streng Kontrolle vu karitativen Organisatiounen.

Catherine Richard
Zanter dem leschte Joer rembourséiert d’CNS och Psychotherapien. Kréien elo all d’Patienten déi Versuergung, déi si brauchen? Mir froen d’Presidentin vun der Psychotherapeuten-Federatioun.

Lisa Zangarini
D’Presidentin vun der ALMEVS (Association luxembourgeoise des médecins en voie de spécialisation) schwätzt iwwer déi schlecht Aarbechtskonditioune vun den zukünftegen Dokteren.

Maurice Bauer
Mam CSV-Schäffe schwätze mir iwwer den Zoustand vum Stater Commerce, iwwer d'Braderie an iwwer d'Sécherheet an der Stad.

Martine Hansen
Mat der Landwirtschafts- a Konsumenteschutzministerin geet rieds iwwer d’Blozongekrankheet, d’Déierepensiounen a méiglech Entschiedegunge fir Fluchpassagéier, wéinst dem Lach an der Pist um Findel.

Luc Emering
Mir schwätze mam DP-Deputéierten a Biobauer iwwer säin Tëschebilan um Krautmaart.

Mireille Rahmé-Bley
Mat der Presidentin vum Stater Geschäftsverband schwätze mir iwwer déi evolutiv Roll vun der traditioneller Braderie zu Lëtzebuerg.

Christian Hahn
Mam President vun der Landwirtschaftskammer schwätze mir iwwer de Karschnatz, d'Blozongekrankheet an Nitratwäerter.

Susanna van Tonder
Wat sinn der neier Presidentin vum Centre d’Egalité de Traitement hir Prioritéiten?

Marc Serres
De CEO vun der Lëtzebuerger Weltraum-Agence iwwer d’Exploitatioun vu Ressourcen am Weltraum

Michelle Cloos
Wéi eng Zukunft fir déi franséischsproocheg Zeitung Le Quotidien? Froen un d’Generaldirektesch vun Editpress.

Gérard Schockmel
Den Infektiolog an DP-Deputéierten iwwer d’Warnung virun Mpox a d'Noutwendegkeet vun enger Pensiounsreform

Marc Kiefer an Tom Habscheid
8 Deeg virum Optakt vun de Paralympesche Spiller zu Paräis: en Ausbléck mam Lëtzebuerger Missiounschef an engem vun den zwee selektionéierten Athleeten
