
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Fred Keup
Den ADR-President seet, hie géif keng Antisemitten a Rietsradikaler a senger Partei toleréieren. Mee wéi glafwierdeg ass dat nach?

Elefannteronn: Bettel, Lenert, Frieden an Tanson am Live-Debat
D’Spëtzekandidate vun DP, LSAP, CSV an déi gréng sti sech 40 Minutte laang live géintiwwer.

Wéi gi mir de Stau lass?
Den Yves Cruchten (LSAP), d’Barbara Agostino (DP), de Fernand Kartheiser (ADR) an de Marc Goergen (Piraten) diskutéieren zu Käerjeng doriwwer, wéi eng Mobilitéitspolitik an den nächste fënnef Joer gebraucht gëtt.

Carole Thoma
déi Lénk fuerderen ënner anerem eng “Jobgarantie” fir jiddwereen dee schaffe wëllt, an eng 32-Stonne-Woch. Mee wéi realistesch sinn esou Fuerderungen? Mir froen eng vun de Spëtzekandidatinnen.

Marc Ruppert
Fokus versprécht couragéiert nei Iddien. Mee fir wéi vill Verännerung steet dei nei Partei wierklech? Mir froen ee vun hire Spëtzekandidaten aus dem Zentrum.

Raoul Schaaf
Och virun de Chamberwale gëtt nees vill iwwer de Garer Quartier an der Stad diskutéiert. Mee wéi kann een d’Situatioun do wierklech verbesseren? Mir froen de President vum Suchtverband.

Giovanni Patri
D’Kandidateleschte vu Liberté-Fräiheet sinn am Summer a Rekordzäit enstanen. Mee zitt d’Partei wierklech un engem Strang? Mir froen de Spëtzekandidat aus dem Südbezierk.

Debat: Wéi maache mir eise Gesondheetssystem fit fir Zukunft?
D’Carole Hartmann (DP), de Jean-Claude Schmit (LSAP), de Claude Wiseler (CSV) an de Steve Schmitz (Liberté) diskutéiere live virum Centre Medical um Potaaschbierg.

Joe Thein
Déi Konservativ hunn zanter hirer Grënnung 2017 nach ni e politescht Mandat gewonnen. Mat wéi engen Ambitioune gi si an dës Chamberwalen? Mir froen hire Spëtzekandidat.

Sam Tanson
dei Gréng sinn net gutt an d’Waljoer gestart. Wéi wëlle si den Negativtrend elo nach stoppen? Mir froen hir Spëtzekandidatin.

Dr. Marc Berna
Sinn d‘Leit, déi hei am Land wunnen, ëmmer méi krank oder gëtt de Personalmangel an de Spideeler ëmmer méi grouss?

Paulette Lenert
D’LSAP wëllt fir méi sozial Gerechtegkeet suergen. Mee wéi wäit sinn d’Sozialiste bereet dofir ze goen? Mir froen hir Spëtzekandidatin.

Debat: Wat muss Lëtzebuerg bäidroe fir de Klimawandel ze bremsen?
D’Joëlle Welfring (déi gréng), d’Martine Hansen (CSV), de Michel Lemaire (ADR) an d’Myriam Cecchetti (déi Lénk) diskutéiere live op engem Bauerenhaff zu Knapphouschent.

Luc Frieden
D’CSV versprécht praktesch all d’Stéit steierlech ze entlaaschten. Mee wéi realistesch ass dat an ekonomesch onsécheren Zäiten? Dat froe mir hire Spëtzekandidat.

Xavier Bettel
De Premier versprécht de Wieler e responsabelen Ëmgang mat de Staatsfinanzen an och steierlech Erliichterungen. Wéi passt dat zesummen?

Nora Back
Wéi zefridden ass déi gréisste Gewerkschaft mat de Proposen, déi d’Parteien an hire Programmer maachen? Mir froen d’Presidentin vum OGBL.
