
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Tilly Metz
Déi gréng Europadeputéiert géif hir Aarbecht am Europaparlament gär nom 9. Juni viruféieren.

Roger Spautz
Greenpeace presentéiert e Rapport, deen zu der Conclusioun kënnt, dass d'Lafzäit vun de Reaktere vu Cattenom net iwwer 40 Joer däerft verlängert ginn.

Danielle Filbig
Froen un d'Co-Spëtzekandidatin op der LSAP-Lëscht fir d'Europawalen.

Charel Schmit
Wéi steet et ëm d'Gesondheetsversuergung fir Kanner a Jugendlecher hei am Land? Där Fro ass den OKaJu, den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher a sengem Joresrapport 2023 nogaangen.

Didier Kienou
De Vertrieder vun der Lëtzebuerger ONG "Le Soleil dans la Main" am Burkina Faso erkläert, firwat een d'Länner aus der Sahelzon weider begleede sollt.

Romain Bausch
Am Virfeld vum Vott vum Staatsbudget 2024 schwätze mir mam President vum Conseil national des finances publiques.

Rejko Krüger
D’Parkinsonkrankheet gëtt ëmmer méi heefeg. Wouru läit dat? A wéi kann ee se behandelen? Dat froe mir dee weltwäit unerkannte Parkinson-Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg.

Anne Calteux
An zwee Méint gëtt en neit Europaparlament gewielt. Wat heescht dat fir d’EU-Kommissioun? Dat froe mir déi offiziell Vertriederin vun der Kommissioun zu Lëtzebuerg.

Bob Steichen
Firwat wëllt Ettelbréck keng Fixerstuff? Dat ass eng vun de Froen, déi mir dem Buergermeeschter stellen. Aner Sujete sinn d’Heescheverbuet an d’Nordstad-Fusioun.

Raymond Remakel
Bei de Chamberwale sinn d’Piraten hanner den héijen Erwaardungen zeréckbliwwen. Mat wéi engen Ziler gi si elo an d’Europawalen? Mir froen hire Spëtzekandidat.

Camille Dahm
De President vun der Vëlosportfederatioun bleift véier weider Joer am Amt. Wat wëllt hien an där Zäit erreechen?

Christian Hahn
D’Landwirtschaftskammer huet en neie President. Mir froen hien, wat hie wëllt anescht maache wéi säi Virgänger.

Blanche Weber
De Mouvement Ecologique fänkt un d’Gedold mat der neier Regierung ze verléieren. Wouru läit dat? A wat misst sech änneren? Mir froen d'Presidentin vum Mouvéco.

Melanie Noesen
An der Ecole Nationale pour Adultes kann een och méi spéit am Liewen nach en Diplom maachen. Firwat gëtt d’Nofro dofir ëmmer méi grouss? Mir froen déi nei Direktesch vun der ENAD.

Gilles Baum
Ass déi nei Regierung sech net ganz esou eens, wéi et bis elo geschéngt huet? Déi Fro stelle mir dem DP-Fraktiounschef, nodeems an de leschten Deeg vill iwwer d'Atomenergie diskutéiert gouf.

François Benoy
Deen neie Stater Mobilitéitsplang steet kuerz no senger Publicatioun schonn an der Kritik. Wat hätten déi Gréng anescht gemaach? Mir froen hire Conseiller François Benoy.

Alex Penning
D’ADR huet vun e Freideg un zwee Vertrieder am Staatsrot. Gëtt de politeschen Afloss vun der Partei doduerch méi grouss? Dat froe mir der ADR hiren neie Member am Staatsrot.

Joëlle Damé
Mat der Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft SEW diskutéiere mir iwwer déi akut Problemer an der sougenannter Voie de préparation.
