
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Liz Braz
Do wou si untrëtt kann ee mat engem Succès rechnen: esou liesen sech jiddefalls d’Walresultater vun der jonker LSAP-Politikerin. Wéi mécht si dat, a wat mécht si domat?

Claudia Monti
Gëtt den Déngscht um Bierger ëmmer méi schlecht oder ass d’Ombudsmann souzesoen Affer vun hirem Succès? Dat freet d'Chistiane Kleer d'Ombudsman.

Romain Wolff
De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP reagéiert op dem Premier seng Ukënnegungen am Etat de la Nation.

Philippe Poirier
De Politolog vun der uni.lu iwwer d’Neiwalen a Frankräich an d’Resultater vun 2024er POLINDEX-Étude

Sam Tanson
Déi gréng Reaktioun op den Etat de la Nation. D'Deputéiert Sam Tanson äntwert op Froe vum Maurice Molitor.

Luc Frieden
Debriefing vun den Europawalen an Explikatiounen zum État de la Nation: Froen un de Premier

Jean Asselborn
Wéi geet et virun no den Europawalen? Froe vum Maurice Molitor un de fréieren Ausseminister

Déi grouss Table ronde no den Europawalen
Am Studio sinn de Marc Angel (LSAP), de Charel Goerens (DP), de Christophe Hansen (CSV), de Fernand Kartheiser (ADR) an d'Tilly Metz (déi gréng)

Europawalen: Wouhi muss déi europäesch Klimapolitik elo steieren?
D’Konsequenze vun der Äerderwiermung maache sech iwwerall an Europa bemierkbar. Wéi soll d'EU de Klimawandel nach an de Grëff kréien? Dat froe mir véier Kandidatinnen a Kandidaten.

Francine Closener
An Zukunft brauch een 1.000 Ënnerschrëfte méi, fir datt an der Chamber iwwer eng Petitioun diskutéiert gëtt. Mee firwat? Dat froe mir d’Presidentin vun der zoustänneger Kommissioun.

Patrick Ten Brink
Wéi eng Roll huet d’Klimapolitik an der Campagne fir d’Europawale gespillt? A wéi eng Klimapolitik bräicht et an der EU? Mir froen de Generalsekretär vum Europäeschen Ëmweltverband EEB.

Marie-Agnes Strack-Zimmermann
An Däitschland ass déi europäesch Spëtzekandidatin vun de Liberalen eng vun de bekanntste Politikerinnen. Wat wëllt si elo am Europaparlament erreechen?

Nicolas Schmit
An den éischte Woche vum Europawalkampf gouf de sozialistesche Spëtzekandidat als ze zam kritiséiert. Mir froen hien, wéi zefridden hie selwer mat senger Campagne ass.

Danielle Filbig, Fernand Kartheiser, Athanase Popov a Joe Thein
Diskussiounsronn zum Theema Migratioun am Virfeld vun den Europawalen, mat Vertrieder vun LSAP, ADR, d’Bréck an déi Konservativ.

Jerry Grbic
De CEO vun der ABBL iwwer d’Clôture vu Konte bei der ING an d’Bankeninitiativ fir dem Wunnengsbau nees op d’Been ze hëllefen.

Terry Reintke
D’Ëmfroe soen de Gréngen a ville Länner grouss Verloschter bei den Europawale viraus. Ass den Negativtrend nach ze stoppen? Mir froen déi europawäit Spëtzekandidatin.

Pascal Peters
Mam neie Generaldirekter vun der Police schwätze mir iwwer lokal Police-Unitéiten a massiv Rekrutementer, iwwer Equipementer an Digitalisatioun.

Conny Jaroni, Patrick Lamesch an Ali Ruckert
Am Virfeld vun den Europawalen: eng Ronn mat Vertrieder vun dräi klenge Parteien, déi keng Aussiicht op e Sëtz hunn: VOLT, déi Konservativ a KPL
