
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Ralph "Dizzy" Diseviscourt
Viru 6 Deeg huet den Ultracyclist bei der Race around Poland no 2.500 (vun 3.600) Kilometer missen opginn.

Sasha Pulli
Dräi Deeg no senger Wal um Kongress: Froen un den neie Generalsekretär vun der LSAP

Claude Meisch
Problemer am Mamer Lycée a beim Science Center an eng landeswäit Ëmfro, no där bal een Drëttel vum Schoulpersonal no um Burnout ass: Wéi geet de Minister domat ëm?

Guy Hellers
Zwee Deeg virun der EM-Finall e Bilan mam fréieren Nationalspiller an -Trainer vun der EURO 2024.

Josy Gloden
Virum “Wäibaudësch” haut zu Senneng: Froen un de President vum Fonds de Solidarité Viticole

Fernand Kartheiser
Op sengem leschten Dag als nationalen Deputéierten: Froen un den zukünftegen ADR-Europaparlamentarier.

Marc Wagener
Mir schwätze mam neien Direkter vum Patronatsdaachverband UEL.

Analys vun de franséische Parlamentswalen
D'Resultater vun de franséische Parlamentswale wäerten déi nächst Deeg nach fir vill Diskussioune suergen. Vu Paräis zougeschalt ass den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.

Charel Goerens
Wat steet bei de Parlamentswalen a Frankräich fir d’EU um Spill? Dat froe mir den DP-Europadéputéierten.

Duncan Roberts
A Groussbritannien deit alles op eng Wal-Victoire vun der Labour-Partei hin. Wéi eng Ännerungen kommen doduerch op d’Briten duer? Mir froen e britesche Journalist, dee scho laang zu Lëtzebuerg lieft.

Gilles Feith
Zanter der Coronakris kënnt et méi dacks zu Verspéidungen an Annulatioune vu Flich. Mussen d’Passagéier och dëse Summer domat rechnen? Mir froen den Direkter vun der Luxair.

Franz Fayot
Den LSAP-Deputéierten ënnerstëtzt am franséische Walkampf den Nouveau Front Populaire - zesumme mat Vertrieder vun déi gréng an déi Lénk. Ass eng Lénksallianz och hei am Land denkbar?

Djuna Bernard
De François Bausch mécht säi Stull am Parlament fräi fir d'Djuna Bernard. D’Christiane Kleer schwätzt mat hir iwwer hir Zukunftspläng an iwwer d'Affär Gaardenhaischen.

Georges Rassel
Wéi prett ass déi Lëtzebuerger Industrie fir eng méi gréng Zukunft? Dat freet d'Christiane Kleer deen neie President vun der Industriellevereenegung Fedil.

Cécilia Gondard
D’Benelux-Kandidatin vum Nouveau Front Populaire bei de Parlamentswalen a Frankräich äntwert op Froe vum Maurice Molitor.

François Bausch
De grénge Politiker zitt no 35 Joer e Schlussstréch ënner seng politesch Karriär.

Simone Asselborn-Bintz
D’Presidentin vum LSAP Gemengeforum kritiséiert eng Ännerung um kommunale Finanzéierungsschlëssel.

Luc Heuschling
De Grand-Duc iwwerdréit dem Ierfgroussherzog d'Lieutenance: wat seet déi nei Constitutioun? Explikatioune vum Verfassungsrechtler vun der uni.lu
