Radioen

On air

Notturno  |  Jimmy "Bo" Horne - Is It In

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Jean-Paul Lickes

Huet de Reen an de leschten zwou Woche gehollef eis Drénkwaasser-Reserven erëm opzefëllen? Mir froen den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt.
headphones

15 min

play_arrow

Mandy Arendt

Och d'Piraten hunn eng Jugendpartei. Wéi eng Roll spille si parteiintern? Mir froen hir Spriecherin, déi zanter Kuerzem och Buergermeeschtesch vu Colmer-Bierg ass.
headphones

13 min

play_arrow

Marco Koeune

Den neie President vun der Bauerenallianz ass zanter iwwer 20 Joer Bio-Bauer. Mee firwat stellen net méi Baueren op Bio ëm?
headphones

13 min

play_arrow

Alain Origer

Zanter zwou Wochen däerf een doheem Cannabis ubauen. Op wat muss een dobäi oppassen? Mir froen den nationalen Drogebeoptraagten.
headphones

13 min

play_arrow

Tania Mousel

déi Lénk hu mat engem ëmstriddene Facebook-Post fir vill Diskussioun gesuergt. Ass et eng gutt Iddi am Waljoer esou ze kommunizéieren? Fro un eng Vertriederin vun der Parteijugend.
headphones

14 min

play_arrow

Thierry Hoscheit

D'ALIA geheit RTL vir, si hätten d'Parteie virun de Gemengewalen net d'selwecht behandelt. Wéi eng Reegele ginn et do iwwerhaapt? Dat froe mir de President vun der Medienautoritéit.
headphones

15 min

play_arrow

Amy Winandy

D'Gemengewalen sinn net gutt gelaf fir déi gréng. Wat kënne si fir d'Chamberwale besser maachen? Mir froen d'Spriecherin vun déi jonk gréng.
headphones

12 min

play_arrow

Alexandra Oxacelay

Hunn d'Covid-Kris an déi héich Präisser an de leschte Méint dozou bäigedroen, datt méi Leit an d'Aarmut gefall sinn? Mir froen d'Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss.
headphones

13 min

play_arrow

Romain Nati

Den Direkter vum Stater Centre Hospitalier geet fir d'LSAP mat an d'Walen. Fir wéi eng Gesondheetspolitik wëllt hie sech asetzen?
headphones

12 min

play_arrow

Georges Bock

Den Nohaltegkeetsrot fuerdert, datt Verschmotzung a Ressourcëverbrauch méi staark besteiert ginn. Wéi kann een dat maachen? Mir froen den zoustännege Member vum CSDD.
headphones

14 min

play_arrow

Marc Fischbach

De President vun der COPAS, dem Daachverband vun de Prestatairen an der Betreiung a Fleeg vun eelere Leit, mat Kritik um neie Gesetz iwwer d'Qualitéit vun de Servicer
headphones

16 min

play_arrow

Claude Meisch

Den Educatiounsminister iwwer d'Alphabetisatioun op Franséisch, de Modell vun den ëffentlechen europäesche Schoulen an de Pro a Contra vun engem Handyverbuet
headphones

16 min

play_arrow

Fred Keup

Den ADR-President iwwer déi rezent Partei-intern Turbulenzen an d'Strategie fir d'Chamberwalen.
headphones

16 min

play_arrow

Pierre Barthelmé

Froen un de President vun der Konkurrenz-Autoritéit, där hir Enquête iwwer den Immobiliesecteur d'lëscht Woch Welle geschloen huet.
headphones

15 min

play_arrow

Frank Engel

Nom Fokus-Kongress vun e Samschdeg: wat proposéiert déi nei Partei a Saache Logement, Steieren, Bildung oder Santé? A wéini presentéiert se hir Lëschten?
headphones

17 min

play_arrow

Steve Thull

De Chef d'État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi iwwer d'Arméireform, déi haut an der Chamber gestëmmt wäert ginn.
headphones

16 min

play_arrow

Barbara Agostino

Froen un déi nei DP-Deputéiert, déi de 27. Juni vereedegt gouf. An déi eng Vergaangenheet am Fussball huet: Dat passt um Dag, op deem d'Frae-WM ufänkt.
headphones

15 min

play_arrow

Roy Reding

Den Ex-ADR-Deputéierten iwwer de Clinch mat senger fréierer Partei an de Lancement vu senger neier Beweegung Normal 0 false fa
headphones

15 min

play_arrow

Corinne Cahen

Vun der Familljeministesch zur Stater Sozialschäffen: d'Funktiounen änneren, d'Zoustännegkeete bleiwen.
headphones

15 min

play_arrow

Christophe Schiltz

De President vum Staatsrot reagéiert op ënnerschwelleg an oppe Kriticken un der Aart a Weis, wéi (séier) seng Institutioun schafft.
headphones

14 min

play_arrow