
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Kultur
Episoden

Prix René Oppenheimer fir de Wëlzer Lycée du Nord
Fir seng pedagogesch Projeten fir d'Mémoire vum Zweete Weltkrich a vun der Shoah ass de Lycée vun der Fondatioun René Oppenheimer ausgezeechent ginn.

D'Luxembourg Art Week ass dëst Joer digital
Vum 9. bis den 22. November fënnt d'Luxembourg Art Week statt. Dëst Joer allerdéngs an enger digitaler Form. De Frédéric Braun mat Detailer.

"Den Zeie vu mengem Liewen"
Am März ass d'Ruth Troeller am Alter vun 101 Joer zu Mexiko City gestuerwen. Si war dem Journalist Gordian Troeller seng éischt Fra. De Frédéric Braun huet hire Biograf interviewt.

Filmkritik: "Sous les étoiles de Paris"
D'Solidaritéit vun enger Sans abris mat engem jonke Migrant: den dokumentaresche Volet vum Film stëmmt, d'Fiktioun bleift awer op der Streck.
Kultur a Pandemie-Zäiten
Wéi eng Plaz huet d'Kultur an eiser Gesellschaft a wéi gesinn déi Kulturschafend hier Situatioun, spezifesch elo an der Zéit vu Restriktiounen wéinst der Corona-Pandemie.

Filip Markiewicz : "Eng Konschtschoul fir Lëtzebuerg"
Datt e Land wéi Lëtzebuerg, dat esouvill a Kulturgebaier investéiert, nach ëmmer keng Konschtschoul hätt, fënnt de Filip Markiewicz paradox.

Fënnef "Nuits de la culture" 2022
Bei der Presentatioun goung rieds vum "gréisste Projet", deen d'Kulturhaaptstad soll animéieren. Och doriwwer eraus gëtt sech en nohaltegen Impakt erhofft.
Georges Hausemer - Behescht
97 kompriméiert Ënnerhalungsromaner
click and collect!
E Versuch a Frankräich d'Librairien ze retten, deen awer net sou richteg klappe wëllt.

Seriekritik: "The Queen's Gambit"
E jonkt Meedchen entwéckelt sech zu engem Schachgenie. Kuckenswäert Miniserie vun Netflix, an där de Schachsport iwwerzeegend duergestallt gëtt.

Ingo Schulze am Gespréich
Den däitsche Schrëftsteller iwwer säin neit Buch, säi Liewen an de Bléck op Däitschland, virum an nom Mauerfall.

Filmkritik: "Bronx"
Knëppelhaarde Police- a Gangsterfilm vum Olivier Marchal. Net originell fir zwee Sou, mee gutt gemaach a gutt gespillt. Op Netflix ze gesinn.
Covid-19 a säin Afloss op d'Lëtzebuerger Filmproduktioun
De Luxembourg City Film Festival hat d'Auswierkunge vum Coronavirus direkt ze spiere kritt an och d'Filmproduktioun selwer. E Gespréich mam Guy Daleiden

Neit Heft vun der "Hémecht"
Och wa se net méi bei Saint-Paul gedréckt a publizéiert gëtt: d'Hémecht, d'Zäitschrëft fir Lëtzebuerger Geschicht, existéiert weider.
Ingo Schulze - Die rechtschaffenden Mörder
Wéi aus engem passionéierte Libraire e Mënschenhaasser gëtt ...
National an internatinal Projeten fir Esch 2022
D'Evaluatioun vun "Appel à projets" ass ofgeschloss. Wéi eng Projeten ginn um Site Belval realiséiert?
