Fir déi eng heescht Fräizäit virum Ecran sëtzen, Online Gaming oder an de Soziale Medien ënnerwee sinn. Anerer profitéieren dobaussen eppes ze maachen. Mee d’Fräizäit huet haut awer eng ganz nei Konnotatioun kritt, nämlech déi, datt mir quasi non-stop online sinn an datt mir och an eiser Fräizäit eis ëmmer manner kënne vun der Aarbecht deconnectéieren. Wat heescht Fräizäit? Wéi wichteg ass se? A wéi soll ee se notzen? Dat sinn e puer Froen, déi de Jean Claude Majerus an dësem Euranet Plus Podcast nogeet.
arrow_back_ios
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: Gëtt an Zukunft aus europäesche Stied eng Zort Häll op Äerden?
Lauschteren
play_arrow
headphones
14 min
Episoden
Wat hu mir aus der Covid-Pandemie geléiert?
Esou Menacen, wéi eeben eng Pandemie, sinn eng Erausfuerderung fir déi ëffentlech Gesondheet a virun allem stoppe se net virun de Lännergrenzen. Huet d’EU richteg reagéiert?
Wéi kann een Desinformatioun entschäerfen?
Zanter dem fréieren amerikanesche President Donald Trump hu Fakenews an Desinformatiounen eng ganz nei Envergure a Qualitéit kritt.
Wat wëlle mir fir d'Ukrain?
Den Ukrain-Krich, dee schonn iwwer zwee Joer dauert, ass de Sujet am Euranet Podcast.
Wat wëllen déi europäesch Baueren?
D'Landwirtschaft an d'Suerge vun de europäeche Baueren ass de Sujet vum Euranet Podcast.
Euranet Podcast: Fir wien oder firwat gouf bei den Europwale gewielt?
Wéi eng Trende kann een aus de Resultater Walen erausliesen? Gouf et Verännerungen an der Wielerdemografie? Wéi wäerten déi nei Europadeputéiert d’EU-Politik an Zukunft beaflossen?
Wéi kann een Desinformatiounen entschäerfen?
D’Journalistenekipp vun Euranet plus war an den EU-Memberstaaten ënnerwee fir erauszefannen, wou mir aktuell, am Joer vun den Europawalen, mat de Fakenews an der Desinformatioun stinn.
Wat wëllen d'Baueren?
D’Journalistenekipp vum europäesche Radionetzwierk Euranet plus war an der europäescher Landwirtschaft ënnerwee an hunn d’Meenung vun nawell zimmlech rosene Baueren a ganz Europa agefaangen.
D’Stëmme vun den EU-Stroossen
Wat denken d’Bierger:innen an der Europäescher Unioun? Wéi gesi si d’EU? Wéi eng Doleancen hu si a wéi eng an Erwaardunge setze si an d’EU?