1. Exceptionnell Canicule nach op d‘mannst bis Enn der Woch – eventuell nach bis e Méindeg. Dat mellen d‘Autoritéiten. Vun e Mëttwoch u sollen d‘Temperaturen sech verstäerken an am Duerchschnëtt tëscht 35 a 40 Grad leien. An der Nuecht falen d‘Temperaturen net méi ënner 20 Grad.
2. Wéinst der Hëtzt huet d‘Metal vun engem Gleis op der Héicht vu Bierchem sech liicht deforméiert – den Zuchtraffik ass op zwou Strecke staark perturbéiert.
3. De brittesche Premier Keir Starmer trëtt zeréck – säin Haaptrival Andy Burnham huet schonn ugekënnegt wëllen seng Successioun z‘iwwerhuelen.