1. Lëtzebuerg erhéicht seng Verdeedegungsausgaben an de kommende Jore méi lues wéi Uganks virgesinn – et misst een ee Spagat hikréien tëscht den NATO-Obligatiounen an de Besoinen op nationalem Plang, sot d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes de Moien hei op der Antenn.
2. De Batty Weber Präis geet dëst Joer un den Guy Helminger, dat fir säi Gesamtwierk.
3. Den US President Donald Trump wëllt 5.000 weider Zaldoten a Polen schécken… dat huet hien op Truth Social annonceiert, ouni méi präzis ze ginn
4. Haut ass d‘Suit vun der informeller Reunioun vun den NATO Aussenminister zu Helsingborg a Schweden. Haut gëtt do och den amerikaneschen Diplomatiechef Marco Rubio erwart