100komma7.lu / Kultur

/ 70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

8 min

Den Opus, eise Klassiksender, bréngt Iech dëse Mëttwoch den 13. Mee 2026 ee ganz besonnesche Concert heem an d'Stuff.

Gast Waltzing & Guests - Live ab 19:30 Auer

De Lëtzebuerger Komponist a Museker Gast Waltzing feiert säi 70. Gebuertsdag. Musikalesch bléckt hien op iwwer 55 Joer Karriär zeréck. Hien invitéiert dofir eng Rei Kënschtler, mat deenen hien zesummegeschafft huet, op d'Bün. Hie selwer dirigéiert dobäi d'Lëtzebuerger Philharmoniker, déi och well iwwer dräi Joerzéngte mam Gast Waltzing zesummeschaffen.

Op der Bün stinn deen Owend nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Gast Waltzing: d'Sängerinnen Angélique Kidjo, Dobet Gnahoré, Morgane Ji, seng Fra Maggie Parke, den Trompettist Li Xiaochuan, de Geiist Jean-Jacques Mailliet souwéi d'Museker David Laborier, 
Kyle Eastwood, Rom Heck a Rainer Kind. 

Mat insgesamt 17 Wierker weisen si dem Gast Waltzing seng Bandbreet a Villsäitegkeet.

Schalt an dëse Mëttwoch um 19:30 Auer live um Opus op DAB+, ënnert opus.radio oder an ärer Opus 100,7 App.

Duerch de Concert begleet Iech de Lex Kauffmann (Opus) an d'Maria Gutierrez (SR Kultur)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Rentrée littéraire: "La collision" vum Paul Gasnier

"La collision" vum Paul Gasnier erzielt vun enger “Genealogie vun der Gewalt” - a lant domat an der éischter Selektioun vum Prix Goncourt.
headphones

7 min

play_arrow

Nei Plack vun hei: Gregario - Assembly Unit

Dem David André seng zweet Plack ënner sengem Solo-Pseudonym Gregario féiert de Member vun Odds Ratio a polyrhytmesch Stëmmungen.
headphones

14 min

play_arrow

Das Radial um Eurosonic 2026

D’Museksredaktioun vum Radio 100,7 huet Das Radial erausgesicht, fir um Eurosonic Festival 2026 zu Groningen ze spillen.
headphones

11 min

play_arrow

Kolla-Festival am Hollerecher Schluechthaus

De Summer geet op en Enn zou an domat och d’Saison vun de Festivallen. Musek a Konscht gouf dëst Joer um Kolla an engem neie Kader gefeiert.
headphones

6 min

play_arrow

Nei am Kino

Dës Woch lafen ënner anerem "Sirât" vum Óliver Laxe, "Miroirs No. 3" vum Kultregisseur Christian Petzold an "Downton Abbey: The Grand Finale" vum Simon Curtis un.
headphones

9 min

play_arrow

Film vun der Woch: "Alpha" vun der Julia Ducournau

No der Palme d'Or fir hire Film "Titane" war d'Julia Ducournau zeréck zu Cannes mat "Alpha" - ee poetesche Film iwwer ee Virus, deen d'Leit lues a lues verstengert.
headphones

11 min

play_arrow

Mostra di Venezia: De Palmarès

De Marc Trappendreher analyséiert de Palmarès vun der Mostra, op där dem Jim Jarmusch säi "Father Mother Sister Brother" mat der Vicky Krieps de Gëllene Léif krut.
headphones

7 min

play_arrow

Mostra di Venezia: D'Filmer an der Competitioun

"Le mage du Kremlin" vum Olivier Assayas, "House of Dynamite" vun der Kathryn Bigelow an "Father Mother Sister Brother" vum Jim Jarmusch am Iwwerbléck
headphones

6 min

play_arrow

D‘Famill De Luppé tëschent Arles a Lëtzebuerg

"Wie Konscht besëtzt, muss se der Ëffentlechkeet accessibel maachen!", esou de Loup-Sanche de Luppé.
headphones

10 min

play_arrow

Kënschtlech Intelligenz an der Fuerschung

Iwwer d'Notze vu KI an der Recherche vun Historiker
headphones

5 min

play_arrow

ça colle? Nee: ça kolla!

Den alternative Musek- a-Konschtfestival am Hollerecher Schluechthaus
headphones

11 min

play_arrow
Prix Goncourt: Déi éischt Selektioun ass eraus

Prix Goncourt: Déi éischt Selektioun ass eraus

De Prix Goncourt ass dee wichtegste Literaturpräis a Frankräich, haut huet d’Académie Goncourt déi 15 Bicher annoncéiert, déi dëst Joer an d’Course ginn.
headphones

4 min

play_arrow
Mostra di Venezia: Identitéit als roude Fuedem vum Concours

Mostra di Venezia: Identitéit als roude Fuedem vum Concours

Aus dem Concours vun der Mostra stellt de Marc Trappendreher "Jay Kelly" vum Noah Baumbach, "Frankenstein" vum Guillermo Del an "No Other Choice" vum Park Chan-wook vir.
headphones

6 min

play_arrow
Nuetszich: E klimabewossten Trend

Nuetszich: E klimabewossten Trend

Ëmmer méi Leit wëlle klimabewosst reesen, mee bei groussen Distanzen ass dat net onbedéngt einfach. Den Nuetszuch ass do eng flott Léisung.
headphones

4 min

play_arrow
Nei Single: Nicool a Luca Sales - Ech wëll

Nei Single: Nicool a Luca Sales - Ech wëll

Spoken Word mat engem Jazzpianist an zwee Orchestermuseker: der Rapperin Nicool hiren neie Projet léisst de Beat ewech!
headphones

14 min

play_arrow
Nei am Kino

Nei am Kino

Dës Woch lafen ënner anerem "Alpha" vun der Julia Ducournau, "Eden" vum Ron Howard an "La voie du serpent" vum Kiyoshi Kurosawa un.
headphones

6 min

play_arrow
Film vun der Woch: "Caught Stealing" vum Darren Aronofsky

Film vun der Woch: "Caught Stealing" vum Darren Aronofsky

Den entspaantste Film am Darren Aronofsky senger Filmographie ass nawell zimmlech brutal - et geléngt esou eppes wéi e Guy-Ritchie-Film mat méi Déift an Donkelheet ze sinn.
headphones

10 min

play_arrow
Mostra di Venezia: éischt Andréck vum eelste Filmfestival vun der Welt | © EPA/RICCARDO ANTIMIANI

Mostra di Venezia: éischt Andréck vum eelste Filmfestival vun der Welt

Ee Gëllene Léif fir de Werner Herzog, eng Entäuschung vum Yorgos Lanthimos an eng iwwerzeegend politesch Allegorie vum László Nemes
headphones

5 min

play_arrow
4 Minutte Concert ouni Musek

4 Minutte Concert ouni Musek

E Concert ouni Musek? Dat klengt net logesch, mee den John Cage huet et awer méiglech gemaach. Virun 73 Joer war d'Première.
headphones

11 min

play_arrow

82. Mostra zu Venedeg: Den Optakt

Virgëschter ass zu Venedeg den eelste Filmfestival vun der Welt ugaangen. Lëtzebuerg huet d'Film Fauves Koproduktioun "Grand Ciel" an zwee VR-Wierker am Rennen.
headphones

3 min

play_arrow