100komma7.lu / Kultur

/ 70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

Lauschteren play_arrow
headphones

8 min

Den Opus, eise Klassiksender, bréngt Iech dëse Mëttwoch den 13. Mee 2026 ee ganz besonnesche Concert heem an d'Stuff.

Gast Waltzing & Guests - Live ab 19:30 Auer

De Lëtzebuerger Komponist a Museker Gast Waltzing feiert säi 70. Gebuertsdag. Musikalesch bléckt hien op iwwer 55 Joer Karriär zeréck. Hien invitéiert dofir eng Rei Kënschtler, mat deenen hien zesummegeschafft huet, op d'Bün. Hie selwer dirigéiert dobäi d'Lëtzebuerger Philharmoniker, déi och well iwwer dräi Joerzéngte mam Gast Waltzing zesummeschaffen.

Op der Bün stinn deen Owend nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Gast Waltzing: d'Sängerinnen Angélique Kidjo, Dobet Gnahoré, Morgane Ji, seng Fra Maggie Parke, den Trompettist Li Xiaochuan, de Geiist Jean-Jacques Mailliet souwéi d'Museker David Laborier, 
Kyle Eastwood, Rom Heck a Rainer Kind. 

Mat insgesamt 17 Wierker weisen si dem Gast Waltzing seng Bandbreet a Villsäitegkeet.

Schalt an dëse Mëttwoch um 19:30 Auer live um Opus op DAB+, ënnert opus.radio oder an ärer Opus 100,7 App.

Duerch de Concert begleet Iech de Lex Kauffmann (Opus) an d'Maria Gutierrez (SR Kultur)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

The Diplomat

Eng Serie, déi sech ëm d'US-Diplomatin Kate Wyler dréit, déi a Groussbritannie kënnt a do eens muss ginn, esouwuel am Professionellem, wéi am Privaten.
headphones

4 min

play_arrow

Le Guess Who?-Festival

De Max Tholl liwwert e klengen Ausbléck op dat, wat de Public de Weekend um eklektesche Le Guess Who?-Festival zu Utrecht erwaart.
headphones

11 min

play_arrow

Wat fir eng Roll spillt de Bësch am Cercle Cité?

Kënschtler exploréieren d'Grenz tëschent "Solitudes et solidarités".
headphones

18 min

play_arrow

David Bowie Centre

Den David Bowie säi perséinlecht Archiv kann een elo selwer duerchkämmen am neien David-Bowie-Centre zu London. An deen ass an engem ganz aussergewéinleche Musée.
headphones

14 min

play_arrow

Moustache gracias / Mute an den Diddelenger Konschtzenteren

Zwou staark Kënschtlerinne-Stëmme fir d’Rentrée zu Diddeleng
headphones

24 min

play_arrow

De Prix Goncourt fir dem Laurent Mauvignier säi Roman "La maison vide"

De Jeff Schinker verréit eis net just, wéi gutt de Prix Goncourt ass, mee och, ob een de Grand Prix du Roman de l'Académie française an de Prix Femina liese soll.
headphones

14 min

play_arrow
Nei Musek vum Francesco Tristano

Nei Musek vum Francesco Tristano

De Lëtzebuerger Pianist huet rezent 7 Toccate vum Bach opgeholl.
headphones

1 min

play_arrow

En Hommage fir d'Lee Miller am Tate Britain zu London

Hir mouvementéiert Karriär huet d'Lee Miller och op Lëtzebuerg bruecht.
headphones

5 min

play_arrow

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
headphones

25 min

play_arrow

"Die unheilige Johanna von Orléans" am Kasemattentheater

En Interview mat der Sara Goerres an der Brigitte Urhausen
headphones

9 min

play_arrow

Lët’z Arles: no Arles 2025 d’Michel-Medinger-Expo am CNA

Nächst Joer feiert Lët’z Arles 10 Joer: mir zéie Bilan a kucken no vir.
headphones

25 min

play_arrow
Eng Kënschtlerresidenz op enger Uni ouni Konschtsektioun

Eng Kënschtlerresidenz op enger Uni ouni Konschtsektioun

No zwee Méint um Belval reest de Sam Erpelding, fir d’Suite vun der Residenz, an Taiwan
headphones

12 min

play_arrow
Filmkriticken

Filmkriticken

De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Bugonia" (Y. Lanthimos) a "Bitzbouf / Stitch Head" (S. Hudson).
headphones

27 min

play_arrow

Welcome to Wrexham

Eng Serie, déi eis mat a Wales hëlt bei de Fussballveräi Wrexham AFC., dee gëtt nämlech vun zwee Hollywood-Stare kaf.
headphones

6 min

play_arrow
Wéi ass d’Situatioun vum Lëtzebuerger Konschtmaart den Ament?

Wéi ass d’Situatioun vum Lëtzebuerger Konschtmaart den Ament?

An der Privatbank Delen op der Areler Strooss kann een d'Wierker vum Henri Kraus gesinn. Wéi koum et dozou? , datt grad eng Bank d’Oeuvr
headphones

7 min

play_arrow
De Klangkënschtler Sam Erpelding ass "artist in residence" um Belval

De Klangkënschtler Sam Erpelding ass "artist in residence" um Belval

Finissage vun der Klang-Expo "To the dead poplar" am Casino-Display
headphones

8 min

play_arrow
Filmkriticken | © L'Homme qui rétrécit

Filmkriticken

De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen: "L'Etranger" (François Ozon) a "L'Homme qui rétrécit" (Jan Kounen).
headphones

24 min

play_arrow
Deadbeat vun Tame Impala an Elsewhere vun de Grandbrothers

Deadbeat vun Tame Impala an Elsewhere vun de Grandbrothers

De Marc Clement an de Jeff Schinker verroden iech, op Tame Imapala an de Grandbrothers hir Excursioun op den Dancefloor geléngt.
headphones

19 min

play_arrow
E Festival fir den Design: well en ewell alldeeglech ass an awer net ëmmer

E Festival fir den Design: well en ewell alldeeglech ass an awer net ëmmer

Tëscht dem zwieleften an dem siechzéngten November gëtt den Design gefeiert.
headphones

13 min

play_arrow

Mat Babyoil duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (3)

Fir hir 20 Joer léisst d'Rockhal Bands optrieden, déi et guer net méi gëtt. Ee gudde Grond mat hinnen eng rezent Rees duerch Lëtzebuerger Museksgeschicht ze ënnerhuelen.
headphones

21 min

play_arrow