1. D‘Tripartite-Gespréicher fänke scho Mëtt Mee un – also zwou Wochen éischter wéi geplangt. De geneeën Ordre du jour steet awer nach net fest.
2. D‘Gewerkschaften OGBL an LCGB schloen Alarm well d‘Dokteschassociatioun d‘Konventioun mat der CNS net wëll ënnerschreiwen – d‘Gesondheetsministesch berouegt: fir d‘Assuréeë géif sech näischt änneren.
3. D‘Grenzkontrollen op der Tréierer Autobunn solle vun nächstem Mount u flexibel organiséiert ginn.
4. Réckschlag fir d‘OPEC: d‘vereenegt arabesch Emiraten klamme vun e Freideg un aus der Organisatioun vu Länner, déi Petrol exportéieren, eraus.