1. Historesch Victoire fir de Peter Magyar an Ungarn, seng Partei kritt eng Zweedrëttelmajoritéit am Parlament, d‘Ära Orban ass domadder eriwwer, an der EU gouf ganz positiv op des Walvictoire reagéiert
2. D‘Séiblockad vun der Strooss vun Hormuz, déi d‘USA ugekënnegt hunn, soll haut ufänken. Vun de Mëtteg véier Auer u soll all Schëff gestoppt ginn, dat iranesch Häfen uleeft oder vun do fort fiert
3. D’Museksschoul Cavem wäert net kënnen elo no der Ouschtervakanz hir Dieren nees opmaachen. Realistesch wier et éischter am Hierscht d’Schoul ze relancéieren
4. De Belsch Wout van Aert gewënnt Paris-Roubaix virum Tadej Pogacar