arrow_back_ios

Time Flies

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Episoden

2004

Wéi de Soundtrack zu deem Joer kléngt, héiert Dir an dëser Emissioun.
headphones

60 min

play_arrow

2003

Dir héiert e subjektiivt Bild vum Soundtrack vun deem Joer.
headphones

60 min

play_arrow

2002

D'Joer 2001 war retrospektiv gesinn e richteg gudde Cru vun engem Joer, wat d'Musek ugeet. Datt dat Joer duerno am direkte Verglach eng Grimmel verblatzt: net weider schlëmm.
headphones

60 min

play_arrow

2001

Nieft den No Angels, dem Safri Duo an dem Christina Aguilera - déi Dir all hei net héiere wäert - war d'Musek dat Joer prett fir dat neit Joerhonnert.
headphones

60 min

play_arrow

2000

Mir kënnen eng Stonn nolauschteren, wat am Joer 2000 soss nach musikalesch ustoung.
headphones

60 min

play_arrow

1999

Let's all meet up in the year 2000 an hoffe mer dat et dann net komesch gëtt, wann een sech erwuesse géigeniwwer steet.
headphones

60 min

play_arrow

1998

Et ass d'Joer vu Pop Queens, vum ICE-Zuchaccident an Ostdäitschland an dem auto-tune Effekt, deem seng Gebuertsstonn schléit.
headphones

60 min

play_arrow

1997

Dat musikalescht Joer vu Barbie Girl an OK Computer
headphones

60 min

play_arrow

1996

D'Zäitrees dës Kéier ass voller summerlecher Bangers, d'Rees geet och a Japan an den Album vum Joer vun der Woch kënnt vun engem Gott vun der elektronescher Fréckelmusek.
headphones

60 min

play_arrow

1995

Beliicht gëtt net eng Stonn laang déi geopolitesch a gesellschaftlech Situatioun vum zentrale Joer vun den 1990er, mee d'Musek, déi dat Joer gepräägt huet.
headphones

60 min

play_arrow

1994

De Mandela gëtt President an am Ruanda geet e Genozid lass. Och an der Musek gëtt dat Joer getrauert. De Kurt Cobain hëlt sech d'Liewen an et kënnt domadder zu enger Zäsur.
headphones

60 min

play_arrow

1993

Musikalesch ass et vun a bis gaangen. Eng Stonn a 15 Stécker laang gëtt versicht, d'Museksjoer 1993 ze resuméieren. Ob dat wuel geléngt? Lauschtert eran!
headphones

60 min

play_arrow

1992

Och am Joer 1992 huet sech d'mënschlech Konditioun vun hirer grujelegster a gläichzäiteg schéinster Säit gewisen. Kee Wonner, dat “Everbody Hurts” a “Killing in The Name Of” dat Joer erauskoumen.
headphones

60 min

play_arrow

1991

De Kurt Cobain maach 1991 dominéieren, mee et ass nu wierklech net déi eenzeg Musek, déi an deem ënner dem Stréch ganz spannende musikalesche Joer released gëtt.
headphones

60 min

play_arrow

1990

Et ass d'Joer vum Sinéad O'Connor, vum Matthias Reim a vun Depeche Mode - mee d'musikalescht Joer war esou massiv, dat allen dräi keng Plaz fonnt hunn. Wat et alles an d'Emissioun gepackt huet, dat héiert Dir hei!
headphones

60 min

play_arrow

1989

Hunn d'musikalesch Acts an d'Museker:innen versicht Ofkierzungen ze huelen oder hu si sech all nach eng leschte Kéier an den Eighties esou richteg virun de Mikro geschmass?
headphones

60 min

play_arrow

1988

Näischt géint Metallica a Konsorten - mee d'musikalescht Joer war net just Heavy Metal op de Radioswellen.
headphones

60 min

play_arrow

1987

D'Emissioun versicht ze beweisen, datt dat Joer déi eng oder aner Pépite mat sech bruecht huet. An am Proto-Nationbranding-Sënn war dat musikalescht Joer och guer net esou iwwel. Loosst Iech iwwerraschen.
headphones

60 min

play_arrow

1986

Et geet bei d'Meedercher an de Londoner West End, een anere Jong huet en Dar an de Rëpper an net just ee Rita beséngt den Andy.
headphones

60 min

play_arrow

1985

Et ass d'Joer, an deem d'Charlotte vu Lëtzebuerg geet, an de Gorbatschow kënnt, an et ass musikalesch d'Joer vun Tears For Fears a vum Madonna.
headphones

61 min

play_arrow