1. Och de Staatsrot ass kritesch doriwwer, wéi déi Lëtzebuerger Regierung déi nei europäesch Asylprozedur wëllt ëmsetzen. A sengem Avis ginn et eng ganz Rei vu formellen Oppositiounen
2. Stol vun Arcelor Mittal kéint genotzt gi fir dem Donald Trump säin ëmstriddene Festsall zu Washington ze bauen
3. Den OGBL huet mat der Universitéit Lëtzebuerg en neie Kollektivvertrag fir d‘Personal ausgehandelt, betraff sinn 2.800 Mataarbechter:innen
4. D‘Strooss vun Hormus bleift weider zou an d‘Wafferou ganz wackeleg, dat virun allem wéinst der israeelescher Interventioun am Libanon
5. déi däitsch Schauspillerlegend Mario Adorf ass dout … Hien ass gëschter am Alter vu 95 Joer, no kuerzer Krankheet, an senger Wunneng zu Paräis gestuerwen