1. Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet an der Chamber den éischten nationale Rapport iwwer déi sougenannt Éiwegkeetschemikalie PFAS presentéiert
2. D’Regierung an Experte vun der Liewensmëttelverwaltung ALVA hu sech de Moien an der Chamber beméit, Suergen iwwer méiglech Pestizidréckstänn a Liewensmëttel ze relativéieren
3. Den Energieminister Lex Delles gesäit den Ament nach kee Grond, mat neie finanziellen Hëllefen op d‘Energie-Präishaussen duerch den Irankrich ze reagéieren
4. Dräi Deeg nodeems hien zum neie reliéise Chef vum Iran gewielt gouf, ass den Modschtaba Chamenei nach ëmmer net an der Ëffentlechkeet opgetrueden