Wat mir eis méi op de leschten Drëttel vum Concours vun der Berlinale zoubeweegen, wat ee méi gespaant ka sinn, ob d’Favoritte weiderhin um perséinlechen Troun vun eisem Filmkritiker zu Berlin bleiwen oder ob d’Kaarten nach eemol nei gestéckelt ginn. De Jeff Schinker huet den Dënschdeg a Mëttwoch “Wolfram” vum Warwick Thornton, “Queen at Sea” vum Lance Hammer, “A New Dawn” vum Yoshitoshi Shinomiya a “Moscas” vum Fernando Eimbcke gesinn - a war och der Koxi hir Adaptéierung vun der Elfriede Jelinek hirem Roman “Die Liebhaberinnen” kucken.
arrow_back_ios
Kultur
Berlinale: Vu Mécken, Rassisten, demente Fraen an drogéierte Männer
Lauschteren
play_arrow
“A New Dawn” vum Yoshitoshi Shinomiya
headphones
15 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Zwangsrekrutéierter a Fräiwelleger
De fënneften Deel vun der Visite guidée duerch déi permanent Ausstellung am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter
Notre-Dame de Paris: E Lëtzebuerger bei de Restauratiounsaarbechten
Den Uergelbauer Laurent Anen war un der Restauratioun vun der Uergel an der Notre-Dame zu Paräis bedeelegt.
“Trashy” Konscht reimt net onbedéngt op tatsächlechen “trash”
D’Molerin Lara Weiler weist op hirer éischter Eenzelexpo haaptsächlech Still a Knascht
Die Katze Eleonora
Muer a Freideg den Owend gëtt am Kasemattentheater d'Stéck vun der Caren Jess gespillt.
Vu Montfort op Saint Germain
Eng musikalesch Rees duerch d'Musek aus dem 20. Joerhonnert
D'Enn vum Siren's Call?
2025 wäert et wuel keng Oplag vum beléiften urbane Festival ginn, dat nodeems de Siren's Call 2024 schonn zum Deel wuertwiertlech an d'Waasser gefall war.
Filmkritik: "Vingt dieux"
Erfrëschenden éischte Long-métrage vun der franséischer Realisatrice Louise Courvoisier
Tëschent Piano an Dirigentepult
De Christoph König spillt als Pianist zesumme mat weidere Musiker:innen vun de Solistes Européens, Luxembourg ee Concert mat Haydn, Händel, Mozart a Bach - eng wëllkommen Ofwiesslung fir den Dirigent.
Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir ënner der Woch net verpasse sollt.
E Chrëschtconcert mat Liichtspektakel
Dëse Sonndeg, 15. Dezember, wäert d’Kierch zu Dikrech an e Liichtspektakel tauchen. Dat mat engem besonnesche Chrëschtconcert, dee sech vun deenen aneren ofhieft.
Den Taysir Batniji huet et als Kënschtler gepackt, ...
... mee kann nawell net a seng Heemecht Palästina zeréck. Vu Seefen, iwwer Fotoe bis gliese Schlësselen: d’Konschtwierker diktéieren dem Taysir Batniji hiert Material.
Jazz from Luxembourg and Bruxelles
Invité: Jerome Klein
Extrait B-Radio "Nuechtlandschaften"
En Abléck an d'Welt vum Percy Lallemang, Auteur vun der Kuerzgeschichtesammlung "Nightscapes".
Bruch a Bizet
De Gewënner vum Concours Reine Elisabeth 2024 live um 100,7 mat de Lëtzebuerger Philharmoniker.
Vu Kollaborateuren, Attentisten a Resistenzler ...
... schwätzt de Jim Goerres an eisem 4. Deel vun eiser Visite guidée duerch de Resistenzmusée.
"Mythologie du .12" vum Célestin de Meeûs
Deen éischte Roman vum jonke belschen Auteur krut d'Mention spéciale vum Prix Wepler.
Chrëschtconcert vun der Pianistin Younee
Spontaneitéit op der Bün an d’Kombinéiere vu ville Museksgenren - Dofir ass déi südkoreanesch Pianistin a Komponistin Younee bekannt, déi de 14. Dezember fir d’éischte Kéier op Lëtzebuerg kënnt.
2075: Eine Odyssee durch das Weltall
De Kënschtlerkollektiv Dadofonic féiert muer (12.12.) am Théâtre National du Luxembourg fir déi éischte Kéier hiert Theaterstéck “2075: Eine Odyssee durch das Weltall” op.
Porridge Radio am Interview
Porridge Radio ass eng brittesch Indie Band, déi live ganz intensiv ass. Si passéieren och hei zu Lëtzebuerg, an zwar kann ee si de 17. Dezember an de Rotondë gesinn.