Wéi all Dag zanter dem Ufank vun der Berlinale schalte mir live op Berlin, wou de Jeff Schinker eis Updates zum Concours gëtt. Haut sinn och zwee Filmer dobäi, déi ee ganz geschwënn zu Lëtzebuerg ka gesinn: “Rose” vum Markus Schleinzer an “Nina Roza” vun der Geneviève Dulude-de Celles lafen an zwou Wochen och um LuxFilmfest. Dernieft beschwätz de Jeff Schinker "At the Sea" vum Kornel Mundruczo, "We’re All Strangers" vum Anthony Chen a "Meine Frau weint" vun der Angela Schanelec.
arrow_back_ios
Kultur
Berlinale: La vie en rose
Lauschteren
play_arrow
headphones
15 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
"Psychologesch Gewalt gëtt net richteg verstanen"
E Gespréich mam Lëtzebuerger Realisateur Eric Lamhène a senger Co-Zeenaristin Lyn Lee iwwer hiren Drama "Hors d'haleine".
Op der Bün: "Die heilige Johanna der Schlachthöfe" vun der Companie ErosAntEros
Bertholt Brecht mat der legendärer sloweenescher Band Laibach kräizen, fir dem Auteur säin Text "Die Heillige Johanna der Schlachthöfe" ze adaptéieren, dat war d’Erausfuerderung.
Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wéi eng kulturell Highlighten Dir ënner der Woch net sollt verpassen.
Tëschent Vitrinnen a Skulpturen - Luxembourg Art Week
Net alles spillt sech wärend der Konschtfoire bannent véier Wänn of.
Trentemøller Live an der Kufa
Den Anders Trentemøller spillt de Sonndeg, 17.11., live mat Band an der Kulturfabrik: ee Gespréich iwwer d‘Live-Dimensioun vu senger Musek!
Concert LIVE
De Benjamin Kruithof an d'Lëtzebuerger Philharmoniker
Yellowstone
Eng Serie, déi d'Fro opmécht, wéi wäit ee goe kann, fir eppes ze schützen oder och fir eng Gesellschaft weiderzebréngen.
Booker Prize (7) "James" vum Percival Everett
Eng Bespriechung, déi gläichzäiteg och ee Plaidoyer fir dem Everett säi Wierk ass.
D'Finall vum Prix Anne et Françoise Groben
Fënnef Kandidaten trieden als Solist mam Orchestre de Cambre de Chambre du Luxembourg op. Déi musikalesch Leedung iwwerhëlt de Roland Kluttig.
Nom erfollegräichen Ofschloss vum Konschtstudium direkt Prix-Pierre-Werner-Laureatin
Der Lara Weiler hir Peinturë sinn aktuell um Hierschtsalon vum CAL an an der YLA-Pop-up-Galerie (Young Luxembourgish Artists) ze gesinn.
Um Radar - de Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit iech, wat fir eng kulturell Highlights dir dëse Weekend net sollt verpassen.
Filmmusek tëschent Bach an Techno
Fir de Francesco Tristano stellt d'Musek d’Géigewaart a Fro, andeems se sech op d’Vergaangenheet bezitt. Genee dat beweist hien am Ciné-Concert, bei deem hie mam Hayato Sumino Musek zum Stommfilm “Asphalt” spillt.
"Virun allem fillen ech staark Léift"
De Johan Perdigão spillt dem Robert Schumann säi Concerto fir Piano
Op der Bün: "Winterreise“ vun der Elfriede Jelinek a "Peaky Blinders“ vun der englescher Compagnie Rambert
D'Theaterrezensioune vun der Woch
Albumrezensioun: Tyler, the Creator
Den Hellege vun alle Faarwen
Filmkritik: "Trois amies"
Déi dramatesch Comedie aus Frankräich gouf am leschte Grousse Kino beschwat. Hei nach eng Kéier d'Diskussioun
Ausbléck op Walfer Bicherdeeg an de Lëtzebuerger Buchpräis
Fir iwwer dës Eventer ze schwätze sinn d‘Lynn Klein vun der Walfer Gemeng an de Ian De Toffoli, Vizepresident vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren eis Invitéen.
Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir ënner der Woch net sollt verpassen.
Beethoven am Rittersall
De Philippe Koch, de Stéphane Giampellegrini an de Johan Schmidt interpretéiere Pianostrioe vun dräi Komponisten zu Buerglënster am Schlass.