Wéi all Dag zanter dem Ufank vun der Berlinale schalte mir live op Berlin, wou de Jeff Schinker eis Updates zum Concours gëtt. Haut sinn och zwee Filmer dobäi, déi ee ganz geschwënn zu Lëtzebuerg ka gesinn: “Rose” vum Markus Schleinzer an “Nina Roza” vun der Geneviève Dulude-de Celles lafen an zwou Wochen och um LuxFilmfest. Dernieft beschwätz de Jeff Schinker "At the Sea" vum Kornel Mundruczo, "We’re All Strangers" vum Anthony Chen a "Meine Frau weint" vun der Angela Schanelec.
arrow_back_ios
Kultur
Berlinale: La vie en rose
Lauschteren
play_arrow
headphones
15 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Hannah Ida a Lukas Grevis: Galaxies
Schwëster a Brudder beim Videodréi
European Song Contest zu Basel : Halleffinall
"La poupée monte le son" - Wéi eng Chancen huet Lëtzebuerg, beim ESC weider ze kommen?
Festival de Cannes: Eng Competitioun, déi donkel an daper ufänkt
Nodeems de Film d'Ouverture enttäuscht huet, fänkt de Wettbewerb mat "Sound of Falling" vun der Mascha Schilinski an "Deux procureurs" vum Sergei Loznitsa staark, awer donkel un.
Electric Miles
Eng BD vum Zenarist Nury an dem Zeechner Brüno.
D’ Kultur-Exportagence Kultur | lx zu Venedeg
Hannert de Kulisse vum Lëtzebuerger Pavillon op der Architektur-Biennale zu Venedeg.
De Sidney Sho bei engem internationale Concours fir Dirigenten
De Lëtzebuerger Dirigent an Organist Sidney Scho ass bei der Final vun engem internationale Concours fir Orchesterdirigenten zu Bukarest mat dobäi.
Cannes - d'Ouverture
Gëschter war d’Ouverture vum Festival de Cannes mat der üblecher Zeremonie an dem Film d’ouverture. De Jeff Schinker mat éischten Andréck vum Festival.
Ausbléck op d'Lidder beim ESC
Dës Woch geet den ESC zu Basel a seng nächste Ronn. Zesumme mam Sophie Schroeder huet sech de Simon Larosche e puer vun de Lidder ugelauschtert, déi do performt ginn.
Optakt Filmfestival vu Cannes
Déi 78. Editioun vum Festival de Cannes start haut den Owend. Mir maachen de Point.
Der Carine Krecké hire Projet fir Arles 2025
Op der Grenz tëschent Documentaire a visueller Konscht
Klassik Live: der fliegende Holländer
Haut den Owend spillen d´Lëtzebuerger Philharmoniker eng konzertant Versioun vum Richard Wagner sengem Fliegenden Holländer, ënner der Baguette vum Tarmo Peltokoski.
Filmkritik: "Hard truths"
De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen dem Englänner Mike Leigh seng nei Tragikomedie, déi aktuell am Kino leeft.
50 Joer OCL
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL feiert seng 50 Joer. Ënnert anerem gëtt dofir de 15. Mee op e Jubilämsconcert an der Philharmonie agelueden.
Eng immersiv Klangdecouverte aus, a fir Lëtzebuerg
“Sonic Investigations” am Lëtzebuerger Pavillon op der Architektur Biennale zu Venedeg
Um Radar: ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.
Ausbléck: "Hairy Situation" vun Alok e Sonndeg am Atelier
No enger schwéierer Kandheet am Texas plädéiert Alok Vaid-Menon mat Poesie a Comedy fir en tolerant Zesummeliewen
Vun der Konscht liewen - mee wéi?
Eng Diskussiounsronn mat der Julie Wagener, der Clio van Aerde, dem Tun Biever an dem Antoine Pohu
“Sonic Investigations” zu Venedeg
Optakt vun der 19. Architektur Biennale zu Venedeg
Mozart a Reger am Dialog
D'Kammerata Luxembourg spillt ee Concert am CAPE zu Ettelbréck, bei deem zwee grouss Komponisten aus verschiddenen Zäiten am Fokus stinn.