Wéi all Dag zanter dem Ufank vun der Berlinale schalte mir live op Berlin, wou de Jeff Schinker eis Updates zum Concours gëtt. Haut sinn och zwee Filmer dobäi, déi ee ganz geschwënn zu Lëtzebuerg ka gesinn: “Rose” vum Markus Schleinzer an “Nina Roza” vun der Geneviève Dulude-de Celles lafen an zwou Wochen och um LuxFilmfest. Dernieft beschwätz de Jeff Schinker "At the Sea" vum Kornel Mundruczo, "We’re All Strangers" vum Anthony Chen a "Meine Frau weint" vun der Angela Schanelec.
arrow_back_ios
Kultur
Berlinale: La vie en rose
Lauschteren
play_arrow
headphones
15 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Nei am Kino
Film vun der Woch: "Sirât" vum Oliver Laxe
"Sirât" vum Oliver Laxe krut zu Cannes de Prix du Jury - a beandrockt ënnert anerem mat engem phenomenale Soundtrack
Keng Affaire: Déi nei Spillzäit am TNL
De Jeff Schinker ënnerhält sech mam TNL-Direkter Frank Hoffmann iwwert déi nei Saison am TNL
20 Joer Rockal: Am Gespréich mam Olivier Toth
Nächst Woch feiert d'Rockhal hir 20 Joer mat zwee groussen Events. Grond genuch, sech mam Direkter Olivier Toth iwwert déi lescht 20 Joer ze ënnerhalen.
D’Marie Capesius an de fil bleu
D'Marie Capesius iwwert hir Kënschtlerinneresidenz zu Arles
Mostra di Venezia: Den Documentaire "Holofiction"
Den Documentaire "Holofiction" vum Michal Kosakowski beliicht, wéi d'Shoa an der Fiktioun duergestallt gouf - a misst, esou de Marc Trappendreher, an all Schoulprogramm opgeho
Kulturjournalismus aus Telefonskabinnen
Den Afloss vun der technologescher Evolutioun op Contenu a Contenant vun Texter
Neie Wand an der CeCiL's Box
Zanter leschtem Donneschden ass an der Vitrinn dat neit Konschtwierk vun der Suzan Noesen ausgestallt.
Rentrée littéraire: "La collision" vum Paul Gasnier
"La collision" vum Paul Gasnier erzielt vun enger “Genealogie vun der Gewalt” - a lant domat an der éischter Selektioun vum Prix Goncourt.
Nei Plack vun hei: Gregario - Assembly Unit
Dem David André seng zweet Plack ënner sengem Solo-Pseudonym Gregario féiert de Member vun Odds Ratio a polyrhytmesch Stëmmungen.
Das Radial um Eurosonic 2026
D’Museksredaktioun vum Radio 100,7 huet Das Radial erausgesicht, fir um Eurosonic Festival 2026 zu Groningen ze spillen.
Kolla-Festival am Hollerecher Schluechthaus
De Summer geet op en Enn zou an domat och d’Saison vun de Festivallen. Musek a Konscht gouf dëst Joer um Kolla an engem neie Kader gefeiert.
Nei am Kino
Dës Woch lafen ënner anerem "Sirât" vum Óliver Laxe, "Miroirs No. 3" vum Kultregisseur Christian Petzold an "Downton Abbey: The Grand Finale" vum Simon Curtis un.
Film vun der Woch: "Alpha" vun der Julia Ducournau
No der Palme d'Or fir hire Film "Titane" war d'Julia Ducournau zeréck zu Cannes mat "Alpha" - ee poetesche Film iwwer ee Virus, deen d'Leit lues a lues verstengert.
Mostra di Venezia: De Palmarès
De Marc Trappendreher analyséiert de Palmarès vun der Mostra, op där dem Jim Jarmusch säi "Father Mother Sister Brother" mat der Vicky Krieps de Gëllene Léif krut.
Mostra di Venezia: D'Filmer an der Competitioun
"Le mage du Kremlin" vum Olivier Assayas, "House of Dynamite" vun der Kathryn Bigelow an "Father Mother Sister Brother" vum Jim Jarmusch am Iwwerbléck
D‘Famill De Luppé tëschent Arles a Lëtzebuerg
"Wie Konscht besëtzt, muss se der Ëffentlechkeet accessibel maachen!", esou de Loup-Sanche de Luppé.
Kënschtlech Intelligenz an der Fuerschung
Iwwer d'Notze vu KI an der Recherche vun Historiker
ça colle? Nee: ça kolla!
Den alternative Musek- a-Konschtfestival am Hollerecher Schluechthaus