Wéi all Dag zanter dem Ufank vun der Berlinale schalte mir live op Berlin, wou de Jeff Schinker eis Updates zum Concours gëtt. Haut sinn och zwee Filmer dobäi, déi ee ganz geschwënn zu Lëtzebuerg ka gesinn: “Rose” vum Markus Schleinzer an “Nina Roza” vun der Geneviève Dulude-de Celles lafen an zwou Wochen och um LuxFilmfest. Dernieft beschwätz de Jeff Schinker "At the Sea" vum Kornel Mundruczo, "We’re All Strangers" vum Anthony Chen a "Meine Frau weint" vun der Angela Schanelec.
arrow_back_ios
Kultur
Berlinale: La vie en rose
Lauschteren
play_arrow
(Foto: Paradiso Films)
headphones
15 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
"Déi iranesch Gesellschaft ass eng ganz kontrastéiert"
Interview mam iranesche Realisateur Panah Panahi iwwer säi Film "Hit the road", deen zwee Präisser um Luxfilmfest gewonnen huet.
Réckbléck op de Palmarès vum Luxfilmfest
Déi 12. Editioun vum Luxfilmfest gouf gëschter ofgeschloss. Grousse Gewënner ass "Atlantide" vum italiéinesche Realisateur Yuri Ancarani.
Wou Zirkus op elektroakustesch Musek trëfft
En Akrobat beweegt sech ëm an duerch en 33 Kilo schwéieren Holzbou. Déi Geräischer, déi dobäi entstinn, gi gesampelt an erauskënnt d'Kreatioun "3D", déi an de Rotondes gewise gëtt.
Luxfilmfest Digest 5
De Michel Delage an d'Martine Reuter schwätzen iwwer de polneschen Drama "Silent Land", deen an der Kompetitioun leeft, an de britteschen Docu "Cow"