arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Lauschteren
play_arrow
headphones
13 min
mic_none
Presentéiert vum
- Christiane Kleer
Episoden
Raymond Aendekerk
Zënter 40 Joer protestéiert Greenpeace hei am Land fir méi Ëmweltschutz. Wäert dee Protest ënnert der neier DP-CSV-Regierung zouhuelen? Mir froen den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg.
Mylène Bianchy
Den Eisebunner-Syndikat Syprolux ass eng vun de leschte Gewerkschaften am Land, déi sech op ee Secteur konzentréieren. Mee huet dee Modell eng Zukunft? Mir froen d'Presidentin vum Syprolux.
Loïc Hoscheit
Déi national Anti-Doping Agence ALAD kritt mam Domaine vun der Ethik och nei Responsabilitéiten. Froe vum Jacques Ganser un den neien Direkter vun der Agence Loïc Hoscheit.
Georges Ravarani
Froen un de Lëtzebuerger Riichter op der europäescher Cour des Droits de l'Homme zu Stroossbuerg.
Luc Siebenaller
D'Regierung léisst d'Partenariater mat Mali, Niger a Burkina Faso auslafen - de President vum Cercle des ONGD reagéliert.
Guy Feyder
Een Dag virun der Réunioun vum Agrarsecteur mam Premier: Froen un de President vun der Landwirtschaftskammer
Laurence Gillen
Dräi Deeg no der Manif vu Leit aus dem Garer Quartier an der Stad: Eent vun de Gesiichter vum Protest am Interview.
Philippe Mersch
Mam President vun der Fedamo de Bilan vum Autosfestival. Wéi grouss ass d’Begeeschterung fir den Autoskaf an Zäiten, wou vill Leit sech Suergen ëm d’Emwelt, d'Liewensqualitéit an hire Portmonni maachen?
Serge Allard
D’Grippesaison ass voll amgaang. Wéi staark sinn déi Jéngst dëst Joer vun den Infektioune betraff? Mir froen de President vun der Associatioun vun de Kannerdokteren.
Jean-Luc de Matteis a Robert Fornieri
D'Regierung wëllt de Bausecteur relancéieren an d'Wunnen erëm méi bëlleg maachen. Mee iwwerzeegen déi annoncéiert Mesuren och d'Gewerkschaften? Mir froen bei OGBL an LCGB no.
Thierry Hoscheit
Verstéisst d'Stater Heescheverbuet géint d'Verfassung? Mir froen den neie President vun der Cour constitutionnelle, wéi déi Fro ka gekläert ginn.
Xavier Bettel
Den Ausseminister schwätzt sech op der internationaler Bün gär fir de Rechtsstaat aus. Mee wéi konsequent ass d’Lëtzebuerger Regierung op dem Punkt? Dat froe mir de Chefdiplomat.
Corinne Cahen
Grad an de Stied sinn déi Leit, déi an Aarmut liewen, besonnesch visibel: dorënner och déi, déi heesche fir ze iwwerliewen. Ass et och an der DP-Sozialschäffen hirem Sënn, datt Heescherten aus dem Stadbild verschwannen?
Lex Delles
De Bausecteur ass en crise: wat beidet dat? Froen un de Wirtschaftsminister.
Martine Solovieff
Am Gespréich mat der Procureure générale d’État geet et ë. a. iwwer den Heescheverbuet an d'Comparution immédiate.
Patrick Dury
D'Sozialwalen, eng eventuell Pensiounsreform an d'Situatioun um Bau si Stéchwieder am Gespréich mam LCGB-President.
Christophe Hansen
Platzt dem CSV-Politiker säin Dram vum EU-Kommissär wéinst der Spëtzekandidatur vum Nicolas Schmit?
Marc Ruppert
De Frank Engel féiert déi nach jonk Partei Fokus duerch hiren éischten Europa-Walkampf. Mee wéi vill Optimismus an Zesummenhalt gëtt et nach bei Fokus no zwou Walnéierlagen a rezent méi kriteschen Artikelen an der Press?
Nicolas Schmit
Dee fréieren LSAP-Minister féiert déi europäesch Sozialisten als Spëtzekandidat an d’Walen. Mee huet hie wierklech Chancë Kommissiounspresident ze ginn?