Den nächsten Dënschden ginn déi dräizéng Romaner vun der Booker Prize Longlist zur Shortlist kondenséiert. Op der Longlist sinn dëst Joer vill Neientdeckungen a wéineg bekannten Nimm – d’Romaner hunn tëschent 150 an 650 Säiten, een dovun erschéngt esou guer eréischt zwee Deeg, nodeems d’Shortlist eraus koum. A senger Serie rezenséiert de Jeff Schinker Woch fir Woch déi 13 Romaner, déi et op d'Longlist gepackt hunn. Dem David Szalay säi Roman "Flesh" ass eng Zort ungaresche Ken Loach. De Roman handelt vun engem Teenager, deen eng Affaire mat enger Nopesch huet, déi am Alter vu senger Mamm ass - a weist, wéi ee Liewe kann entgleisen.
arrow_back_ios
Kultur
Booker Prize: "Flesh" vum David Szalay
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Ee vun de gréisste franséische Festivallen, virun der Hausdier ...
En Iwwerbléck iwwer de kolossale Line-Up vum Cabaret Vert mat engem vun de Festivaldirekteren, dem Cédric Cheminaud
Musek aus der Auberge Espagnole
Am Haff vun engem Songwriting Camp op Zypern ass dem Josh Island säi Summer-Song entstanen. Et ass déi lescht Single an enger wichteger Rei: den Debut-Album kënnt de 15. September.
Musek aus der Auberge Espagnole
Am Haff vun engem Songwriting Camp op Zypern ass dem Josh Island säi Summer-Song entstanen. Et ass déi lescht Single an enger wichteger Rei: den Debut-Album kënnt de 15. September.