Den nächsten Dënschden ginn déi dräizéng Romaner vun der Booker Prize Longlist zur Shortlist kondenséiert. Op der Longlist sinn dëst Joer vill Neientdeckungen a wéineg bekannten Nimm – d’Romaner hunn tëschent 150 an 650 Säiten, een dovun erschéngt esou guer eréischt zwee Deeg, nodeems d’Shortlist eraus koum. A senger Serie rezenséiert de Jeff Schinker Woch fir Woch déi 13 Romaner, déi et op d'Longlist gepackt hunn. Dem David Szalay säi Roman "Flesh" ass eng Zort ungaresche Ken Loach. De Roman handelt vun engem Teenager, deen eng Affaire mat enger Nopesch huet, déi am Alter vu senger Mamm ass - a weist, wéi ee Liewe kann entgleisen.
arrow_back_ios
Kultur
Booker Prize: "Flesh" vum David Szalay
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Fir de Mao op den Everest
E Gespréich mam franséischen Aventurier Cédric Gras iwwer säi Buch "Alpinistes de Mao" (Editions Stock). Extrait
Fir de Mao op den Everest
E Gespréich mam franséischen Aventurier Cédric Gras iwwer säi Buch "Alpinistes de Mao" (Editions Stock)
Onvergläichlech
Déi iresch Sängerin Sinead O'Connor ass dëse Mëttwoch 26.7. gestuerwen. E Réckbléck op eng Karriär an e Personnage, dee vu Kampf a Sacrifice gepräägt war.
Dem Batty Weber säin Abreisskalender
"Et ass schwéier net sentimental ze ginn, wann et ëm de Batty Weber geet", seet d'A.-M. Millim, Sproochwëssenschaftlerin, déi sech scho laang mam Wierk vum Batty Weber befaasst.
Onvergläichlech
Déi iresch Sängerin Sinead O'Connor ass dëse Mëttwoch 26.7. gestuerwen. E Réckbléck op eng Karriär an e Personnage, dee vu Kampf a Sacrifice gepräägt war.