Den nächsten Dënschden ginn déi dräizéng Romaner vun der Booker Prize Longlist zur Shortlist kondenséiert. Op der Longlist sinn dëst Joer vill Neientdeckungen a wéineg bekannten Nimm – d’Romaner hunn tëschent 150 an 650 Säiten, een dovun erschéngt esou guer eréischt zwee Deeg, nodeems d’Shortlist eraus koum. A senger Serie rezenséiert de Jeff Schinker Woch fir Woch déi 13 Romaner, déi et op d'Longlist gepackt hunn. Dem David Szalay säi Roman "Flesh" ass eng Zort ungaresche Ken Loach. De Roman handelt vun engem Teenager, deen eng Affaire mat enger Nopesch huet, déi am Alter vu senger Mamm ass - a weist, wéi ee Liewe kann entgleisen.
arrow_back_ios
Kultur
Booker Prize: "Flesh" vum David Szalay
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Filmkritik: "The Social reckoning"
Amerikanesche Polit-Thriller iwwer d'Aart a Weis wéi Facebook déi amerikanesch Demokratie ënnerhielegt huet.
Steirischer Herbst
Red Flags ass dëst Joer d’Thema vum steirischer Herbst, engem interdiziplinaresche Festival zu Graz. De Jeff Schinker war dohin – a bréngt eis seng Andréck mat.
Raygun - Wann d'ganz Welt iwwert ee laacht
Eng Australesch Breakdancerin hat 2024 op den Olympesche Spiller zu Paräis een Danz virgestallt, deen zum grousse virale Moment gouf.
Kämpferin fir d'Rechter vun all de Fraen
Extrait aus dem leschte B-Radio iwwer déi grouss Fraerechtlerin Gisèle Halimi.
Optakt vum CinEast-Festival
Den Direkter Radek Lipka iwwer déi 19. Editioun vum Festival vum Mëttel- an Osteuropäesche Film (9.-25. Oktober).
Wat mécht “The 25. Birthday Edition” vun der Nuit des Musées aus?
Suivez la guide de la Nuit des Musées
Shida Bazyar kritt den Däitsche Buchpräis
„E Roman géint Gläichgëltegkeet“ nennt d‘Jury vum Däitsche Buchpräis de Roman „Lücken“
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Anne Frausing - "Le village des tentes"
JOYN – een narratiivt Gedicht iwwer Freed an onglécklechen Zäiten
Am Gespréich mat der Dana Rufolo an dem Luc Lamesch
Architekturdeeg ënnert dem Motto “(Ré)imaginer nos espaces quotidiens”
Live Touch steet fir bewosst Perceptioun an Nohaltegkeet
Filmkritik: "Notre Salut"
Portrait vun engem klenge Fonctionnaire an der kollaborationistescher Vichy-Regierung.
Filmkritik: "Naza"
Den Documentaire weist, datt déi israelesch Arméi wärend de Bombardementer vu Gaza och geziilt Zivilisten ëmbruecht huet.
The Westies
Eng Krimi-Serie déi sech mat enger New Yorker Gang beschäftegt, déi et och wirklech gouf.
Vienna Design Week: Am Gespréich mat der Annick Kieffer
Dëst Joer ass Lëtzebuerg Gaaschtland op der Vienna Design Week – an an der Ausstellung "Two O Eight Designing Voices" dréit sech alles em d’Stëmm vum Design.
Filmkritik: "Verity"
Psychologesche Thriller iwwer eng Dräiecksbezéiung, dee mat de Grenzen tëschent Fiktioun a Realitéit spillt.
Filmkritik: "Digger"
Dem Alejandro González Iñárritu seng schwaarz Komedie hëlt déi Responsabel vum Klimawandel op d’Schëpp.
E Gedicht - e Konschtwierk
Am Gespréich mat der Ulrike Bail, Katharina J. ferner an dem Tom Nisse
Guy Helminger
De Batty Weber Präis fir d'Liewenswierk