Den nächsten Dënschden ginn déi dräizéng Romaner vun der Booker Prize Longlist zur Shortlist kondenséiert. Op der Longlist sinn dëst Joer vill Neientdeckungen a wéineg bekannten Nimm – d’Romaner hunn tëschent 150 an 650 Säiten, een dovun erschéngt esou guer eréischt zwee Deeg, nodeems d’Shortlist eraus koum. A senger Serie rezenséiert de Jeff Schinker Woch fir Woch déi 13 Romaner, déi et op d'Longlist gepackt hunn. Dem David Szalay säi Roman "Flesh" ass eng Zort ungaresche Ken Loach. De Roman handelt vun engem Teenager, deen eng Affaire mat enger Nopesch huet, déi am Alter vu senger Mamm ass - a weist, wéi ee Liewe kann entgleisen.
arrow_back_ios
Kultur
Booker Prize: "Flesh" vum David Szalay
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Mat enger optimistescher Cecil's Box géint de Corona-Down
D'Illustratrice Lynn Cosyn fënnt, datt mir elo endlech och positiv Konsequenzen aus Corona-Zäiten zéie missten, net just negativer.
Michael Maar am Gespréich
Mat sengem Roman "Die Schlange im Wolfspelz" huet den däitsche Germanist, Literaturkritiker a Schrëftsteller e grousse Publikum erreecht.
"Déi Suerg, déi extreem Suerg..."
Extrait aus dem leschten Episod vum B-Radio, wou et ëm d'Thema Sécherheet an der Stad Lëtzebuerg goung.
CinEast Digest 1
De Michel Delage mat kuerze Kritike vu Filmer, déi en dëser Deeg um CinEast, dem Festival vum mëttel- an osteuropäesche Kino gesinn huet.