Den nächsten Dënschden ginn déi dräizéng Romaner vun der Booker Prize Longlist zur Shortlist kondenséiert. Op der Longlist sinn dëst Joer vill Neientdeckungen a wéineg bekannten Nimm – d’Romaner hunn tëschent 150 an 650 Säiten, een dovun erschéngt esou guer eréischt zwee Deeg, nodeems d’Shortlist eraus koum. A senger Serie rezenséiert de Jeff Schinker Woch fir Woch déi 13 Romaner, déi et op d'Longlist gepackt hunn. Dem David Szalay säi Roman "Flesh" ass eng Zort ungaresche Ken Loach. De Roman handelt vun engem Teenager, deen eng Affaire mat enger Nopesch huet, déi am Alter vu senger Mamm ass - a weist, wéi ee Liewe kann entgleisen.
arrow_back_ios
Kultur
Booker Prize: "Flesh" vum David Szalay
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Jemp Schuster a Marc Binsfeld am Gespréich
Vu Paradäiser, Bicherorgien an am Marber gemeesselte Lektiounen
Déi nei Ausgab vun der Kulturzäitschrëft Nos Cahiers, mat ë.a. engem Playdoyer fir d'Schoul an der Pandemie an engem Portrait vum Sculpteur Raymond Lohr.
Méi sozial Ofsécherungen fir ArtistInnen
E Projet de loi fir d'Verbesserung vun der sozialer Situatioun vu KënschtlerInnen ze Lëtzebuerg.

E klenge "Brandy" um fréie Mueren
Enn 2021 kuckt de Robert Brandy op säi 75. Gebuertsdag an op 50 Joer Kënschtlercarrière zeréck. Héichpunkten dovunner presentéiert den MNHA.
Sticky Flames: eng brenzeleg Affär fir en Engel?
An der Expo "Sticky Flames" gi mënschlech Kierpererfarunge reproduzéiert, fir en Dialog tëschent Visiteuren a Kënschtler ze stimuléieren.