Den nächsten Dënschden ginn déi dräizéng Romaner vun der Booker Prize Longlist zur Shortlist kondenséiert. Op der Longlist sinn dëst Joer vill Neientdeckungen a wéineg bekannten Nimm – d’Romaner hunn tëschent 150 an 650 Säiten, een dovun erschéngt esou guer eréischt zwee Deeg, nodeems d’Shortlist eraus koum. A senger Serie rezenséiert de Jeff Schinker Woch fir Woch déi 13 Romaner, déi et op d'Longlist gepackt hunn. Dem David Szalay säi Roman "Flesh" ass eng Zort ungaresche Ken Loach. De Roman handelt vun engem Teenager, deen eng Affaire mat enger Nopesch huet, déi am Alter vu senger Mamm ass - a weist, wéi ee Liewe kann entgleisen.
arrow_back_ios
Kultur
Booker Prize: "Flesh" vum David Szalay
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Residenze fir Lëtzebuerger Kënschtler am Ausland
Kënschtlerresidenzen am Ausland si fir Kultur:LX ee vun enger Rei vu Moyene fir Kreativer vu Lëtzebuerg international bekannt ze maachen.
Opgewiermtes um Plackenteller
2022 koumen ongewéinlech vill Albume mat Reprisen eraus, souguer de Bruce Springsteen huet dëst Joer léiwer gecovert wéi komponéiert.
Dat éischt Wuert vun der Woch fir 2023 ass "Joer"
Gléck? Nei? Joer? Fir säin éischt Wuert vun der Woch am neie Joer huet de Jean Portante decidéiert, Iech den Term "Joer" méi no ze bréngen.
Opgewiermtes um Plackenteller
Déi lescht Jore waren haart fir d'Museksindustrie - ass d'Nostalgie de Grond, firwat dëst Joer souvill Coveralbumen op de Maart koumen?
D'Wuert vun der Woch ... oder vum Joer?
Gléck? Nei? Virsaz? Fir säin éischt Wuert vun der Woch am neie Joer huet de Jean Portante decidéiert, Iech den Term "Joer" méi no ze bréngen.
En imaginären Oratorium
Den Ensembel Clematis proposéiert beim éischte Concert vum Festival RMVA thematesch zesummegestallte Wierker vu méi onbekannte Komponisten.