Den nächsten Dënschden ginn déi dräizéng Romaner vun der Booker Prize Longlist zur Shortlist kondenséiert. Op der Longlist sinn dëst Joer vill Neientdeckungen a wéineg bekannten Nimm – d’Romaner hunn tëschent 150 an 650 Säiten, een dovun erschéngt esou guer eréischt zwee Deeg, nodeems d’Shortlist eraus koum. A senger Serie rezenséiert de Jeff Schinker Woch fir Woch déi 13 Romaner, déi et op d'Longlist gepackt hunn. Dem David Szalay säi Roman "Flesh" ass eng Zort ungaresche Ken Loach. De Roman handelt vun engem Teenager, deen eng Affaire mat enger Nopesch huet, déi am Alter vu senger Mamm ass - a weist, wéi ee Liewe kann entgleisen.
arrow_back_ios
Kultur
Booker Prize: "Flesh" vum David Szalay
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Live Vinyl-Opnam vu Bartleby Delicate mat Release-Concert
D'Opnam vun engem Owend am Februar 2022 an der Philharmonie, dee Bartleby Delicate and Friends iwwerschriwwe war, als Vinyl an engem Release-Concert an de Rotonden
"Literaturwiesen zu Lëtzebuerg ass en Trümmerhaufen"
, seet den Editeur, Literaturwëssenschaftler a Schrëftsteller Ian De Toffoli op den Assise vum Buch.
Vun der zweeter Stëmm an déi éischt Rei
Eng eemoleg Stëmm an e schwierege Charakter: mam David Crosby stierft eng vun de grousse Figure vun der amerikanescher Rock- a Folkmusek.