arrow_back_ios
Moiesstudio
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
Episoden
Whisky-Industrie a Schottland ass besuergt wéinst US-Stroftaxen
De Whiskey huet op de britteschen Inselen eng laang Traditioun. Mee d‘Industrie leit staark ënner dem Donald Trump senge Stroftaxen.
Ausgestuerwen Ackerplanz entdeckt
60 Joer laang gouf et en net méi zu Lëtzebuerg - de sougenannte Venuskamm. Eng Ackerplanz, vun där een ausgaangen ass, datt se ausgestuerwe war.
195 Joer belsch Revolutioun mat Lëtzebuerger Bedeelegung
Am Joer 1830 hunn d'Belsch sech géint den hollännesche Kinnek Wëllem I. revoltéiert. Dat hat och ee groussen Impakt op de Grand-Duché. Hannergrënn mam Historiker Guy Thewes
Et annoncéiert sech eng grouss Recolte un Hunneg zu Lëtzebuerg
2025 gouf et bis elo optimal Wiederkonditioune fir d'Beien. D'Recolte esouwuel am Fréijoer ewéi och am Summer ass méi héich ewéi déi aner Jore virdrun
Gamescom: Lëtzebuerger Gaming-Industrie op där gréisster Gaming-Foire
De Sebastien Tasch vum Film Fund a responsabel fir Gaming-Industrie hei am Land gëtt säin Androck vun der Gamescom a wat se fir d'Industrie hei am Land bedeit.
Iwwer Äppelbrot a Kuuschten
Deen zweeten Deel vum "Sproochatlas 1900" koum kierzlech eraus. Wat verroden d'Opzeechnunge vun deemools? Froen un d'Linguistin Sara Martin.
Israel-Gaza-Konflikt
Israel huet ugefaangen d'Stad Gaza anzehuelen. Wat fir Konsequenzen huet dat fir Zivilbevëlkerung a bekämpft een domadder d'Hamas? Dat froe mir d'Noost-Expertin Bente Scheller.
Waasserstoffreseau zu Lëtzebuerg: Esou gesinn d'Pläng aus
Lëtzebuerg kënnt enger Ubannung un den europäesche Waasserstoffreseau ëmmer méi no. Éischt Verbindunge wäert de Grand-Duché ufanks den 2030er Jore kënne Richtung Frankräich hunn.
E Bléck hannert d'Geeschterbunn op der Schueberfouer
Den Owend, 22.8., ass et souwäit: d’Schueberfouer mécht hir Dieren op. Zënter 2016 ass och de Rudolf Schütze mat senger Geeschterbunn dobäi.
Lëtzebuerger Zaldoten an der Ukrain?
Kéint et dozou kommen, dat froe mir d'Verteidegungsministesch Yuriko Backes.
Hype ëm Vintage-Tricoten
Zanter e puer Joer si Fussballstrikoten aus den 1990er an 2000er Joren nees richteg beléift. Mee net nëmme Fussballfans fannen un der moudescher Sportskleedung Gefalen.
An 18 Deeg mam Vëlo duerch Europa
D’Transcontinental Race gëllt als déi schwéierste sougenannt unsupported Vëloscourse an Europa. Cycliste fueren hei ouni Ënnerstëtzung vu baussen a si ganz op sech eleng gestallt.
Muss d'EU a Serbien agräifen?
Zënter bal 9 Méint gëtt a Serbien géint dem Aleksandar Vučić seng Regierung demonstréiert. Mir schwätze mam Politolog a Balkan-Expert Florian Bieber.
Dat Onsiichtbaart, siichtbar maachen
"Wou d’Uelzecht" ass eng Klangrees vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz an der englescher Poetin S.L. Grange, bei där een de Gronn op eng ganz nei Aart a Weis entdeckt.
Wat ass vum Jeff Strasser als neie Fussballnationaltrainer ze erwaarden?
Mir froen de Julien Mollereau, Sportjournalist vun der Zeitung Le Quotidien.
Apdikte wëlle méi Entschiedegung fir Garden
Enn des Mounts trëfft den Apdikterverband sech mam Gesondheetsministère fir d'Entschiedegung nei ze negociéieren.
Positiv Entwécklung: Manner héich Buedem-Ozon-Wäerter
Dëse Summer gouf et nach keng Alert wéinst ze héijen Ozonwäerter an dat trotz den héijen Temperaturen.
Firwat eis Korrespondentin Russland verlooss huet
D'Inna Hartwich erkläert, wéi schwiereg et mëttlerweil ass als westeuropäesch Journalistin a Russland ze schaffen.
Wat bréngen déi nächst Woche fir d'Ukrain?
Explikatioune vum Fabian Vetter, COO vun Agora Strategy, eng Firma, déi Betriber a Regierungen a geopolitesche Froe beréit.