arrow_back_ios
Moiesstudio
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
Episoden
Leo Diswiscour: E Lëtzebuerger op der Ironman-WM
De jonken Triathlet ass geschter zu Nice 3,8 km geschwomm, 180 km Velo gefuer, an 42 km gelaf. Mir froen hie wéi een sech den Dag dono fillt.
Demokratie an der Spillschoul: Wéi geet dat?
An der Spillschoul zu Nidderkuer gouf sech scho virun der Summervakanz domatt beschäftegt wat "Demokratie" fir déi ganz Kléng bedeit. De Jo Welfringer war dobäi.
ProVelo: Zënter 40 Joer am Asaz fir besser Velosweeër
Viru 40 Joer gouf d'Velosinitiativ gegrënnt, déi sech zënter e puer Joer ProVelo nennt. Mir froen de fréiere President Gust Muller op den Asaz sech gelount huet.
D'Gewerkschaften verweigeren de Sozialdialog - wéi reagéiert de Minister?
D'Gewerkschaften hunn d'lescht Woch annoncéiert dass se net mei a Reunioune vum CPTE ginn. Mir froen den Aarbechtsminister Georges Mischo fir eng Reaktioun.
Politesch Rentrée: Vun haut u gi méi Chamberkommissioun live iwwerdroen
Zenter engem Joer ginn e puer Chamberkommissioune live iwwerdroen. Ab haut sollen der nach bäikommen. Mir froen de Chamberpresident Claude Wiseler firwat se net all iwwerdroe ginn.
Liichtathletik-WM: De Charel Grethen ass seng lescht grouss Course gelaf
Mir froen de Mëttelstrecke-Leefer wéi et sech ufillt d'Lafschong no ville Joren un de Nol ze hänken.
Buch iwwer de Jean Asselborn
"Die Tour seines Lebens" ass den Titel vun engem Buch, dat de Journalist Michael Merten iwwer de laangjäregen Ausseminister a passionéierte Cyclist geschriwwen huet.
Gewerkschaften OGBL an LCGB ginn net méi a Reuniounen vum CPTE
D’Gewerkschafte hunn dat gëschter op enger Pressekonferenz ugekënnegt. Elo froe mir d’Nora Back vum OGBL fir méi Detailer.
Liichtathletik-WM zu Tokio
4 Lëtzebuerger huelen un der Weltmeeschterschaft zu Tokio deel, déi muer ufänkt. De Jean-Baptiste Souche, Directeur Technique National, ass eis elo live aus Tokio zougeschallt.
Schoulrentrée: Ministère lancéiert Strategie fir KI an der Schoul
E nationalen Aktiounsplang fir de Gebrauch vun der kënschtlecher Intelligenz an der Schoul as eng vun de Prioritéite fir d‘Schoulrentrée dëst Joer.
Geféierlech Säit vum Internet: Skinny Tok
Hanner dem Trend Skinny-Tok verstoppt sech eng Online-Welt, déi extreemt Ofhuele verherrlecht.
Schwäizer Hëllef nom Krich
Den Historiker an Direkter vum Militärmusée Benoît Niederkorn iwwer de sougenannten "Don Suisse", ee wéineg bekannt Kapitel aus der Nokrichsgeschicht.
Wéi steet et ëm d'Von-der-Leyen-Majoritéit am Europaparlament?
D'Kommissiounscheffin huet Offeren un eng Pro-Europäesch Majoritéit vu Sozialisten, Liberal a Grénger gemaach. Iwwerzeegt huet si domat net jiddereen.
Tropekrankheeten ëmmer méi dacks och an nördleche Gebidder
Och wa sech zu Lëtzebuerg nach kee mat enger Tropekrankheet ugestach huet, ginn hei d'Tigermoustiquë méi streng iwwerwaacht.
Padel, eng jonk Sportaart am Trend
E Gespréich mam Jemp Felgen, dem President vun der Padelkommissioun an der Tennis-Federatioun (FLT)
De 15. bis 18. Januar ass nees den Eurosonic zu Groningen
D’Museksredaktioun vum radio 100,7 huet Das Radial erausgesicht, fir um Eurosonic Festival 2026 zu Groningen ze spillen.
Educatiounsministère proposéiert Alphabetiséierungscoursen
Den Educatiounsministère proposéiert Coursë fir Erwuessener fir hir Kompetenzen am Schreiwen, Liesen a Rechnen ze verbesseren.
Caritas-Affär: D'Fro vun der Responsabilitéit vun der Spuerkeess
D’Vertrieder:inne vun der Spuerkeess-Direktioun a vum Verwaltungsrot stoungen der Chamber-Finanzkommissioun Ried an Äntwert.
Lëtzebuerg huet eng schro Nuecht hanner sech
Wéi schlëmm waren déi verschidde Regioune betraff? Mir maachen de Bilan.