arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Maurice Molitor
Episoden

Michael Feit
De Chef vun der internationaler Kooperatioun bei der Caritas Lëtzebuerg iwwer d'Enn vu sengem Service an d'(Net-)Zukunft vun de verschiddene Projeten

Serge Allegrezza
Den Direkter vum STATEC kuckt zeréck op seng méi wéi 21 Joer un der Spëtzt vum Institut national de la statistique et des études économiques.

Lynn Beining a Marco Suman
An der Réimecher Schoul ginn et iwwerduerchschnëttlech vill ënnerschiddlech Profiller a Besoine bei de Schüler. Mat der Schoulpresidentin an dem Regionaldirekter schwätze mir iwwer d'Erausfuerderungen déi doraus entstinn.

Stefan Maas
De Professer vun der uni.lu erkläert, firwat grénge Waasserstoff eis Energieversuergung ofséchere kann ouni dem Klima ze schueden.

Charlotte Wirth a Misch Pautsch
D’Investigativjournalistin an den ALJP-President erklären hir juristesch Demarche géint den Inneministère.

Gilles Braquet
de CEO vu Luxport iwwer d’Situatioun vum Mäerterter Hafen an d’Opportunitéite vun der Banneschëfffaart

Alexandra Schoos
Wéi reagéiert d’ADR op dee vill kritiséierte Facebook-Commentaire vun hirem Member Alain Hoffmann? Explikatioune vun der Parteipresidentin

Ute Heinz
Mat der Direktesch vun der Jugend-an Drogenhëllef schwätze mir iwwer de Substitutiounsprogramm fir Heroin-Ofhängeger an iwwer d'Schwieregkeete fir am Norde vum Land eng Plaz dofir ze fannen.

Gilbert Goergen
D’CMCM huet turbulent Méint hanner sech. De Maurice Molitor freet hire President, ob d’Situatioun sech berouegt huet.

Franz Fayot
Als Konsequenz aus der Caritas-Affär fuerdert den LSAP-Deputéierte méi streng Kontrolle vu karitativen Organisatiounen.

Catherine Richard
Zanter dem leschte Joer rembourséiert d’CNS och Psychotherapien. Kréien elo all d’Patienten déi Versuergung, déi si brauchen? Mir froen d’Presidentin vun der Psychotherapeuten-Federatioun.

Lisa Zangarini
D’Presidentin vun der ALMEVS (Association luxembourgeoise des médecins en voie de spécialisation) schwätzt iwwer déi schlecht Aarbechtskonditioune vun den zukünftegen Dokteren.

Maurice Bauer
Mam CSV-Schäffe schwätze mir iwwer den Zoustand vum Stater Commerce, iwwer d'Braderie an iwwer d'Sécherheet an der Stad.

Martine Hansen
Mat der Landwirtschafts- a Konsumenteschutzministerin geet rieds iwwer d’Blozongekrankheet, d’Déierepensiounen a méiglech Entschiedegunge fir Fluchpassagéier, wéinst dem Lach an der Pist um Findel.

Luc Emering
Mir schwätze mam DP-Deputéierten a Biobauer iwwer säin Tëschebilan um Krautmaart.

Mireille Rahmé-Bley
Mat der Presidentin vum Stater Geschäftsverband schwätze mir iwwer déi evolutiv Roll vun der traditioneller Braderie zu Lëtzebuerg.

Christian Hahn
Mam President vun der Landwirtschaftskammer schwätze mir iwwer de Karschnatz, d'Blozongekrankheet an Nitratwäerter.

Susanna van Tonder
Wat sinn der neier Presidentin vum Centre d’Egalité de Traitement hir Prioritéiten?

Marc Serres
De CEO vun der Lëtzebuerger Weltraum-Agence iwwer d’Exploitatioun vu Ressourcen am Weltraum
