arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Maurice Molitor
Episoden

Serge Allard
D’Grippesaison ass voll amgaang. Wéi staark sinn déi Jéngst dëst Joer vun den Infektioune betraff? Mir froen de President vun der Associatioun vun de Kannerdokteren.

Jean-Luc de Matteis a Robert Fornieri
D'Regierung wëllt de Bausecteur relancéieren an d'Wunnen erëm méi bëlleg maachen. Mee iwwerzeegen déi annoncéiert Mesuren och d'Gewerkschaften? Mir froen bei OGBL an LCGB no.

Thierry Hoscheit
Verstéisst d'Stater Heescheverbuet géint d'Verfassung? Mir froen den neie President vun der Cour constitutionnelle, wéi déi Fro ka gekläert ginn.

Xavier Bettel
Den Ausseminister schwätzt sech op der internationaler Bün gär fir de Rechtsstaat aus. Mee wéi konsequent ass d’Lëtzebuerger Regierung op dem Punkt? Dat froe mir de Chefdiplomat.

Corinne Cahen
Grad an de Stied sinn déi Leit, déi an Aarmut liewen, besonnesch visibel: dorënner och déi, déi heesche fir ze iwwerliewen. Ass et och an der DP-Sozialschäffen hirem Sënn, datt Heescherten aus dem Stadbild verschwannen?

Lex Delles
De Bausecteur ass en crise: wat beidet dat? Froen un de Wirtschaftsminister.

Martine Solovieff
Am Gespréich mat der Procureure générale d’État geet et ë. a. iwwer den Heescheverbuet an d'Comparution immédiate.

Patrick Dury
D'Sozialwalen, eng eventuell Pensiounsreform an d'Situatioun um Bau si Stéchwieder am Gespréich mam LCGB-President.

Christophe Hansen
Platzt dem CSV-Politiker säin Dram vum EU-Kommissär wéinst der Spëtzekandidatur vum Nicolas Schmit?

Marc Ruppert
De Frank Engel féiert déi nach jonk Partei Fokus duerch hiren éischten Europa-Walkampf. Mee wéi vill Optimismus an Zesummenhalt gëtt et nach bei Fokus no zwou Walnéierlagen a rezent méi kriteschen Artikelen an der Press?

Nicolas Schmit
Dee fréieren LSAP-Minister féiert déi europäesch Sozialisten als Spëtzekandidat an d’Walen. Mee huet hie wierklech Chancë Kommissiounspresident ze ginn?

Marlène Negrini
D’Policegewerkschaft SNPGL weist sech skeptesch géintiwwer dem Stater Heescheverbuet. Wéi eng Erfarungen hunn d’Poliziste bis elo Terrain gemaach? Mir froen d’SNPGL-Presidentin.

Spezial: Wéi ass d'Wiederlag den Ament?
Wéinst staarkem Äisreen gëllt zanter 6 Auer déi héchst Wiederwarnung. Mam Luca Matthias vu Meteolux a mat eiser Reporterin Sophie Schroeder maache mir de Point.

Sylvain Hoffmann
Déi nei Sozialministesch wëllt de Pensiounssystem iwwerdenke fir d’Pensiounen ofzesécheren. Mee ass dat wierklech néideg? Mir froen den Direkter vun der Chambre des Salariés.

Jean-Claude Hollerich
Mam Lëtzebuerger Kardinol schwätze mir iwwer d'Zukunft vun enger Kierch, där hir Bedeitung ofhëllt.

Gilbert Pregno
No zéngJoer un der Spëtzt vun der consultativer Mënscherechtskommissioun stellt de President säi Posten zur Verfügung.

Jill Goeres
No sechs Méint un der Spëtzt vun der Gemeng Bech: Froen un déi jéngst Buergermeeschtesch am Land.

Guy Hoffmann
Vun A wéi Agencen bis Z wéi Zënsen: Froen un de President vun der Raiffeisebank

Paul Nathan
De Vize-President vun der Handwierkerkammer iwwer d’Suergen an d’Erwaardunge vun der Baubranche.
