arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Lauschteren
play_arrow
headphones
12 min
mic_none
Presentéiert vum
- Maurice Molitor
Episoden
Martine Solovieff
D'Procureure générale d'État geet den 1. Februar a Pensioun. Am 100,7-Interview schwätzt si iwwer Personal- a Plazmanktem, laang Delaien, Retarde bei der Digitalisatioun an aner Suerge vun der Justiz.
Marianne Donven
Aus Protest géint d'Flüchtlingspolitik vun der Regierung, huet d'Marianne Donven, déi sech zënter ville Jore mat Initiative wéi der ASBL en oppent Haus oder de Chiche-Restaurante fir Flüchtlingen asetzt, beim Staat gekënnegt.
Marc Angel
Den LSAP-Europadeputéierte reagéiert op d'Untrëttsried vum Donald Trump a kommentéiert déi juristesch Ausenanersetzung iwwer déi europäesch Mindestloundirektiv.
Gusty Graas
Den DP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun kommentéiert d'Untrëttsried vum Donald Trump an d'Wafferou am Noen Osten.
Alex Bodry
Den Ex-Minister an -Deputéierten an aktuelle Member vum Staatsrot iwwer säi Buch "“Le Luxembourg, son régime politique et ses institutions”
Magali Paulus
25 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft hunn sech an enger neier Plattform zesumme gedoen. Wat wëllen se domat areechen?
Michèle Bressanutti
Zu Lëtzebuerg gi méi dacks Kanner an Heemer placéiert, wéi an aneren europäesche Länner. Firwat ass dat esou? mir froen d'Direktesch vum Service national de l'enfance.
Patrick Dury
De Premier huet d'Gewerkschaften op eng "Sozialronn" invitéiert. Geet dat duer fir d'Gemidder ze berouegen? Mir froen den LCGB-President.
Martine Deprez
Kënnt eng Pensiounsreform? Mir froen d'Sozialministesch, ob si sech scho festgeluecht huet.
Marc Hans
Mir froen den neien Direkter vun der Waasserverwaltung, wéi gutt Lëtzebuerg géint Héichwaasser geschützt ass.
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
Entdeckt eisen neien 100,7-Doku-Podcast, bei deem Dir mat an d'Recherchen andauche kënnt, fir Iech e Bild ze maache vun deem, wat zu Lëtzebuerg leeft an eis all eppes ugeet.
Steve Thull
De Chef vum Etat-major vun der Lëtzebuerger Arméi iwwer d'Noutwennegkeet vu Resilienz an onsécheren Zäiten.
Isabelle Schlesser
Wéi ass d'Situatioun um Aarbechtsmaart a wéi wäert se sech am Laf vun 2025 weider entwéckelen? Dat erkläert d'Directrice vun der ADEM am Gespréich mam Maurice Molitor.
Erny Gillen
Dee fréiere Caritas-President schafft haut als eethesche Beroder. Mir froen hien, wéi een Impakt seng Berodung huet, a wéi hien d'Caritas-Affär erlieft huet.
Nora Back
Froen un d'Presidentin vum OGBL, déi op en haart Joer 2025 agestallt ass.
Sophie Nuber
Wéi schuet de Klimawandel de Weltmierer, a wat fir Konsequenzen huet dat fir eis all? Dat freet d'Christiane Kleer d'Miereswëssenschaftlerin aus Lëtzebuerg, déi op der Universitéit vu Washington fuerscht.
Georg Mein
Den Dekan vun der Fakultéit vun de Geeschteswëssenschafte vun der uni.lu leet och dat neit Institut fir digital Ethik um Belval. Wat gëtt do gefuerscht a wat kënne Politik a Gesellschaft vun de Resultater erwaarden?
Claude Besenius
Wéi packt een den Dry January, a vu wéini un ass de Konsum vun Alkohol problematesch? Dat froe mir d'Chargée de direction vum Centre thérapeutique vun Useldeng CTU.
Romain Schmit
Mam Generaldirekter vun der Fédération des artisans schwätzt d'Christiane Kleer iwwer seng Vue op d'Roll vun de Gewerkschaften an d'Bedeitung vun de Kollektivverträg fir d'Handwierk.