arrow_back_ios
Moiesstudio
mic_none
Presentéiert vum
- Carole Schimmer
Episoden

Kollektivverträg
Den Aarbechtsminister Georges Mischo seet sech wéineg iwwerrascht iwwer d'Positioun vun der DP, d'OGBL-Presidentin Nora Back stellt seng Duerstellung a Fro.
Dat bréngt den Dag
Assisen iwwer geschlechtsspezifesch Gewalt, Neijoerschpatt vum Syvicol an eng Konferenz iwwer nohaltegt Bauen

Zwou spannend Tenniswochen zu Lëtzebuerg
De President vun der Tennisfederatioun, Claude Lamberty, erkläert, wat op eis duerkënnt.

Kollektivverträg: Sinn CSV an DP sech net eens?
D'DP-Deputéiert Carole Hartmann confirméiert, dass d'Ënnerschreiwe vu Kollektivverträg en exklusiivt Recht vun de Gewerkschafte soll bleiwen.
D'Angscht virun der Maul- a Klaueseuch
Wéi suergen d'Bauere vir, datt d'Krankheet sech net ausbreet? E Bauer vu Pärel erzielt.
D'Ausfëlle vun der Steiererklärung soll méi einfach ginn
Den Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger erkläert, wat ännert.

Gazakrich: E Sonnde soll de Waffestëllstand a Kraaft trieden
De President vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient (CPJPO) an de Spriecher vun UNICEF Lëtzebuerg erkläre wat si vum Accord erwaarden.
Dat bréngt den Dag
Visitt vum Postgebai um Hamilius, EVP-Sommet a globale Landwirtschaftsforum

Geméis vu Lëtzebuerg
De Mouvement écologique kritiséiert, dass d'Regierung just de Bau vu (ganz) groussen Zäre fir den Ubau vu Geméis subventionéiere wëll. Seng Presidentin Blanche Weber erkläert.

Ass et gesond bei äisegen Temperature Sport ze maachen?
Mir froen de Jeff Paulus vum nationale Sportinstitut.

Erkenntnisser aus de Gemengen- an Europawalen
Eng nei Etude befaasst sech mat der niddereger Participatioun vun auslänneschen Awunner bei dëse Walen

Maul- a Klaueseuch
Explikatiounen iwwer d’Maul- a Klauenseuch a wéi Bauerebetriber sech dogéint schütze kënnen, mam Carlo Dahm vun der Veterinär- a Liewesmëttelverwaltung ALVA.
Dat bréngt den Dag
Eng "Roadmap" fir d'Moderniséierung vun der Steierverwaltung, eng Chamberkommissioun zu den Ëffnungszäiten am Commerce an e Mordprozess

Kulturtipp: Kabarä KIelen
Haut ass d'Première vun der neier Produktioun vum Theaterveräin "Op Schéimerech". D'Christiane Kremer gëtt Detailer.

Kéint sech och zu Lëtzebuerg e Wollefsruddel néierloossen?
Direkt op der anerer Säit vun der Musel zu Trier-Saarburg lieft zënter e puer Méint esou ee Ruddel. Mee wéi siche Wollefsfamille sech déi Plazen aus?

E Lëtzebuerger Rover flitt op de Mound
Haut soll e klengt Gefier, dat zu Lëtzebuerg entwéckelt gouf, mat enger Space X-Rakéit op de Mound geschoss ginn.
Déi nei 100,7-App ass do!
Neie Look, nei Funktionalitéiten: d'App vum Radio 100,7 gouf komplett iwwerschafft. Explikatioune vum Chris Zeien aus der 100,7-Onlineredaktioun.
