arrow_back_ios
Moiesstudio
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Michel Delage
Episoden

Wat bedeit et, als Giischtjen ze schaffen?
Zwee Giischtercher hunn dem Sophie Schroeder oppen iwwer hiren Alldag erzielt.

Pensiounsdebatt an der Chamber
Eng detailléiert Reformpropos gëtt et nach ëmmer net, d'Oppositioun huet awer e puer Iddien op den Dësch geluecht.
Dat bréngt den Dag
Chamberplenière, EU-Sommet an eng nei Plattform ronderëm d'Energieconsommatioun

D'Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg warnt virun den neie Gentechniken
Interview mat der Presidentin Daniela Noesen, déi fuerdert, datt d'Landwirtschaftsministesch sech virun de Bio-Secteur an d'Konsumente stellt, fir ze verhënneren, datt nei genomesch Techniken op de Felder an Tellere landen.

D'Panzerlurchen aus der Fiels
De Ben Thuy, Paleontolog aus dem natur musée, schwätzt iwwer déi bedeitend Decouverte vu Millioune-Joren-ale Schanke bei Ausgruewungen an der Fiels.

Tëschent Scholdebrems an neier Regierung
Den däitsche Bundestag huet sech fir eng Ännerung vum Grundgesetz ausgeschwat: d'Scholdebrems soll reforméiert an dem Land méi Investitiounen erméiglechen. Steet domat och déi nei Koalitioun?

Ass mëttlerweil manner Grouss ze botzen?
Zanter Joerzéngten organiséiere vill Gemengen am Fréijoer eng Grouss Botz. Wat huet déi méi héich Sensibilitéit fir Ëmweltschutz a Littering un deem Event geännert? Froen un den Daniel Kneip, President vun der Nohaltegkeetskommissioun zu Dikrech.

Aussoen zu enger eventueller Reform vum Pensiounssystem
Eng “breet Consultatioun mat der ganzer Gesellschaft” hat de Premier Luc Frieden an der Regierungserklärung am November 2023 ugekënnegt.
Dat bréngt den Dag
Chamberdebatt iwwer d'Pensiounen, EU-Verteidegungsstrategie an eng Aarbechtsvisitt vum schweedesche Premier

Huet d'BNL eng ekonomesch Valeur - a wa jo, wéi eng?
D'Nationalbibliothéik versicht iwwer e Sondage méiglechst genee erauszefannen, wéi vill si hiren Notzer:inne wäert ass. Wéi et dozou koum a wat ee sech dovun erwaart, erkläert den Direkter Claude D. Conter.

Als Granny-Aupair an Namibia
Déi 70-Joer-al Elisabeth Mevissen fiert am Hierscht fir e puer Wochen als sougenannt Granny-Aupair an Namibia a wäert do an enger Schoul eng Hand upaken.

2 Stonne gratis Parken um Rousegäertchen
François Benoy: Gratis Parkplazen eleng maachen de Garer Quartier net méi attraktiv

Botzaktioun an den Autobunnstunnellen
Op wat mussen d'Automobiliste sech astellen?

Trimesteren oder Semesteren am Lycée?
D'Hallschent vun den Lycéeën hu metterlweil Semesteren, déi aner Trimesteren. Mee kee Modell mécht d’Unanimitéit.

Hunn d'Mënscherechter laangfristeg un de Suitte vun der Pandemie gelidden?
Viru fënnef Joer war Lëtzebuerg am Etat de crise wéinst der Covid-Pandemie. Wat fir Konsequenzen hat dat? Froen un den deemolege President vun der CCDH Gilbert Pregno
Dat bréngt den Dag
Den amerikanesche President Donald Trump a säi russeschen Homolog Wladimir Putin telefonéieren haut an zu Lëtzebuerg ass eng Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwer sougenannte PFAS.

Klärschlamm-Verbrennungsanlagen zu Lëtzebuerg
Wouhi mam Lëtzebuerger Klärschlamm? An där Fro zeechne sech Léisungen of.

En Eltereforum, wat ass dat?
De Gilles Rod aus dem Ministère fir Educatioun, Jugend a Kandheet erkläert d'Konzept vun den (à terme) 15 Ulafstelle fir Elteren, déi uechter d'Land entstoe sollen.

Kënnt d'Gemeng Hesper nees zur Rou?
D'Aschätzung vum CSV-Schäffe Guy Wester, dräi Deeg nom éischte Gemengerot zënter dem Clash tëschent Deeler vun der Oppositioun an dem Buergermeeschter Marc Lies
