D’Dorothea Tatalidis huet Trompett am Stater Conservatoire beim Charles Consbruck a Roman Zaremba geléiert. Zanter 2021 studéiert si op der Hochschule für Musik, Theater und Medien zu Hannover. Si huet mat hiren 23 Joer schonn en impressionante Parcours hanner sech: si schléisst ënner anerem hire Prix Supérieur am Conservatoire mat Auszeechnung of, huet fënnefmol den 1. Präis mat Auszeechnung vum Concours Luxembourgeois pour jeunes solistes gewonnen an hat hire Solodebut bei der Militärmusek. An elo gouf si beim European Union Youth Orchestra (EUYO) fir d’Saison 2025 ugeholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläert si ënner anerem, wéi si mam Stress virun engem Concert ëmgeet, firwat si esou begeeschtert vun hirem Instrument ass a wat den EUYO als Orchester esou besonnesch mécht.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
D'Dorothea Tatalidis beim EUYO fir d'Saison 2025
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden

E Jalon
De 6. Juli 1913 kritt d'Lili Boulanger als éischt Komponistin de Prix de Rome.

Een Akkordeon-Cello-Duo an engem Schlass
Concert vum Duo Kiasma am Kader vun de Concerts de Koerich (09.07.)

Déi néngt Editioun vum internationalen Uergelconcours zu Diddeleng
De Paul Breisch ass ee vun de Jurysmembere beim internationale Concours fir Uergel zu Diddeleng. Hien erkläert, wat dëse Concours eenzegaarteg mécht.

Zwee Talenter, ee Wee
Laang war de Paul Klee a sengem beruffleche Wee tëschent der Musek an der Konscht hin an hier gerappt.

OPL on tour
De Gustavo Gimeno ass mat der Yuja Wang a mat de Lëtzebuerger Philharmoniker op grousser Europatournée.
"einer der beliebtesten Tonsetzer"
30.6.1792: Doud vum Antonio Rosetti
Rhapsodies on the Kinnegswiss
De Gustavo Gimeno erkläert voller Begeeschterung, wat fir e flotte Concertsprogramm zesumme mam OPL a mat der Starpianistin Yuja Wang den 1. Juli am Stater Park gebuede gëtt.

E labbere Bléck op déi klassesch Musek
De Pit Brosius vum ONJ iwwer d'Rolle vum Dirigent a vum Orchester

Brönnimann, Benda an dräimol Bach
Op sengem neien Album kombinéiert de Flüttist a Komponist Markus Brönnimann Wierker aus dem 18. Joerhonnert mat eegene Kompositiounen.

E Komponist mat Startschwieregkeeten
De Joachim Raff konnt duerch de Felix Mendelssohn säin éischte Succès feieren. Op den Duerchbroch huet hien trotzdeem laang misse waarden.

Say it loud!
En Owend mat zäitgenëssescher Musek a Poesie. United Instruments of Lucilin huet déi franséisch Slammerin Klar Obscur invitiert fir zesummen opzetrieden.

Al Musek, nei Concertsformater
Al Musek an all hire Facetten an ongewéinleche Concertsformater zu Veianen erliewen.

Prima la parola o prima la musica?
D'Luxembourg Chamber Players spille Mozart, Beethoven a Bizet.

Säin alleréischte Concert op Nationalfeierdag
Concert vum Cellist Benjamin Kruithof zesumme mam OPL an dem Pierre Cao an der Philharmonie (23.06.)

De Claude Weber zeréck vum Bachfest 2023
Réckbléck op de Concert vum Lëtzebuerger Pianist zesumme mat der däitscher Sopranistin Gerlinde Sämann am Schumann-Haus zu Leipzig am Kader vum Bachfest 2023 (17.06.)

Eng Perkussionistin, Yoga a meditativ Musek
Concert vun der Perkussionistin Élise Rouchouse an der Philharmonie (19.06.)

"Ech war extreem frou, iwwerrascht, a ganz schnell och nervös"
D'Zeremonie ronderëm Nationalfeierdag 2023 geet lass mam Georges Sadeler senger neier Kompositioun "Lucilinburhuc".

Zéng Blechbléiser an eng Perkussionistin an engem Schlass
Concert vum CVL Brass am Gréiweschlass zu Käerch (18.06.)

Déi éischt Iechternacher Saxofonsdeeg
E Gespréich mam Saxofonist an Organisateur Andreas Mader
