D’Dorothea Tatalidis huet Trompett am Stater Conservatoire beim Charles Consbruck a Roman Zaremba geléiert. Zanter 2021 studéiert si op der Hochschule für Musik, Theater und Medien zu Hannover. Si huet mat hiren 23 Joer schonn en impressionante Parcours hanner sech: si schléisst ënner anerem hire Prix Supérieur am Conservatoire mat Auszeechnung of, huet fënnefmol den 1. Präis mat Auszeechnung vum Concours Luxembourgeois pour jeunes solistes gewonnen an hat hire Solodebut bei der Militärmusek. An elo gouf si beim European Union Youth Orchestra (EUYO) fir d’Saison 2025 ugeholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläert si ënner anerem, wéi si mam Stress virun engem Concert ëmgeet, firwat si esou begeeschtert vun hirem Instrument ass a wat den EUYO als Orchester esou besonnesch mécht.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
D'Dorothea Tatalidis beim EUYO fir d'Saison 2025
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden

Klassiker exploréieren
Den ONJ spillt am Mierscher Kulturhaus ënner dem Motto "Exploring Classics".

"Parsifal" mam AR-Brëll
De Bernhard Neuhoff vum BR iwwer de Start vun de Bayreuther Festspiller

Erfarunge sammelen a sech weider verbesseren
Dee 35. internationale Forum fir Flütt a Piano zu Dikrech

Eng Nuecht mat Musek vum Bach
Den Cellist Michiaki Ueno spillt dem Johann Sebastian Bach seng Solo-Suitten an der Kierch St. Kangolf zu Tréier.

Eechternoacher Uergelsummer
Den Uergelintendant Jos Majerus schwätzt iwwer de Programm an der Iechternacher Basilika.

Vu "My Paris" bis "Paris me manque grave"
Concert vun der Flüttistin Ana de la Vega mam Pianist Paul Rivinius um Mosel Musikfestival 2023 (23.07.)

Eng perséinlech a musikalesch Fusioun
Concert vun der Geiistin Liv Migdal an dem Perkussionist Matan Goldstein um Mosel Musikfestival 2023 (21.07.)

Les Ballades du Carillon
Eng Concertsserie bei där een d'Klacke vun der Iechternacher Basilika net nëmmen héiert, mee et kann ee se virum Concert och besichtegen.

"Et gëtt eng witzeg Aventure"
Concert vum Hy-Khang Dang a sengem Sträichquartett am Park vun der Villa Vauban (21.07.)

"Gewaltig viel Noten, lieber Mozart"
De 16. Juli 1782 war d'Première vum Singspiel "Die Entführung aus dem Serail".

Nei Welten entdecken: och zu Lëtzebuerg!
Mosel Musikfestival 2023

"Mir sinn ee kulturellen No-Versuerger ..."
D'Saison 2023/2024 am CAPE zu Ettelbréck

Midi Musical 2023
D'Amis de l'Orgue Luxembourg an den Ensembel Ad Libitum invitéieren op e musikalesche Summer mat Concerten donneschdes an der Mëttesstonn.

Tournée an Eisträich
D'Militärmusek ass an Eisträich ënnerwee. Do spillt den Harmonieorchester dräi Concerten an nëmmen zwee Deeg.

Klangkarussel an der Villa Vauban
Concerte vum Trio Accord an der Villa Vauban (12.07. an 13.07.)

Triskaidekaphobia - d'Zuel 13 an d'Musek
Den Arnold Schönberg stierft den 13.Juli 1951 zu Los Angeles.

Dräi Concerten an zwee Deeg
D'Militärmusek geet an Éisträich op Tournée.
English Baroque
D'Gaëlle Vien séngt Händel, Purcell a Pepusch zesumme mam Ensembel Ad Libitum.

Harmonieorchester mat sinfonesche Kläng
Den Orchestre d'Harmonie de la Garde Républicaine spillt den 9. Juli am Artikuss e Concert mat ënner anerem Wierker vu Berstein a Ravel. Och eng Uropféierung steet op der Affiche.
