Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d’Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.
arrow_back_ios
Kultur
Out of the Crowd 2025: Déi Zwanzegst!
headphones
16 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden
Onvergläichlech
Déi iresch Sängerin Sinead O'Connor ass dëse Mëttwoch 26.7. gestuerwen. E Réckbléck op eng Karriär an e Personnage, dee vu Kampf a Sacrifice gepräägt war.
Dem Batty Weber säin Abreisskalender
"Et ass schwéier net sentimental ze ginn, wann et ëm de Batty Weber geet", seet d'A.-M. Millim, Sproochwëssenschaftlerin, déi sech scho laang mam Wierk vum Batty Weber befaasst.
Onvergläichlech
Déi iresch Sängerin Sinead O'Connor ass dëse Mëttwoch 26.7. gestuerwen. E Réckbléck op eng Karriär an e Personnage, dee vu Kampf a Sacrifice gepräägt war.
